Level up

Level up

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Level up episodes

  • Switch 2
    Scho méi laang war déi nei Konsol annoncéiert, elo huet Nintendo méi Detailer zu der Switch 2 verroden. Den Yves Meyer huet d'Informatioune gesammelt a bréngt eis op den aktuelle Stand.
    9 min
  • Tetris Forever
    "Tetris Forever" ass eng Mëschung tëschent Dokumentarfilm a Videospill. Dëse virtuelle Musée bréngt engem déi spannend Geschicht hanner dem Kultspill "Tetris" méi no. Een absolutte Muss fir Tetris Fans, fënnt de Patrice Sadler.
    6 min
  • R.E.P.O.
    Fans vu "Lethal Company" opgepasst, hei kënnt Äert nächst Koop-Horrorspill! Bei “R.E.P.O.” muss ee wäertvoll Objeten zeréckbréngen, fir datt ee seng Steierscholden zeréckbezuele kann a seng Matspiller net am Chaos stoe léisst. Kléngt stresseg? Jo, mee et mécht och immens vill Spaass, fënnt d'Sophie Kucharzyk.
    6 min
  • Two Point Museum
    An dësem Spill baut ee säin eegene Musée, et organiséiert een Expeditiounen a këmmert sech ëm d’Gäscht. An dat alles mam typeschen Humor vun der Two-Point-Rei.
    6 min
  • Kingdom Come Deliverance 2
    Dee laang erwaarten 2. Deel an der "Kingdom Come Deliverance"-Rei ass endlech do! An dësem mëttelalterleche Rollespill vu Warhorse Gaming iwwerhëlt een nees d'Figur vum Henry. De Patrice Sadler stellt d'Spill vir.
    5 min
  • Hades 2
    E Spill, dat eis mat an d'Welt vun der griichescher Mythologie hëlt. Et spillt een hei Hallefgëtter an ënnerwee begéinen engem ganz vill bekannt Personnagen. Op alle Fall eppes fir d'Fans vun der Mythologie. Den Yves Meyer stellt d'Spill vir.
    7 min
  • "Headliners"
    Journalismus trëfft op Horror. An "Headliners" si Dir an der Roll vu couragéierte Journalisten, déi an engem New York, dat vun Aliens iwwerfall gouf, spektakulär Fotoe schéisse mussen an dobäi ëm hiert Iwwerliewe kämpfen. E chaoteschen Horror-Titel, mat enger extra Portioun schwaarzem Humor.
    6 min
  • Lonely Mountains: Snow Riders
    De Wanter ass do a wien d'Schisaison gär huet, muss net onbedéngt an d'Bierger fueren. Mat “Lonely Mountains: Snow Riders” geet et rapid Pisten erof.
    D’Entwéckler vu “Lonely Mountains: Downhill” hunn de Mountainbike ausgetosch a setzen elo op spannend Schipisten. Relax am Zen-Modus oder packend am Multiplayer, am Spill gëtt et ganz vill Schnéi an erausfuerderend Pisten.
    5 min
  • Keep Driving
    A “Keep Driving” muss de Spiller sech an d'Roll vun engem Jonke versetzen, deen déi éischt Kéier mam Auto op ee Museksfestival fuere wëllt. Eng flott Mëschung aus Rollespill a Management-Simulatioun, déi an enger detailléierter Pixelgrafik dohierkënnt.
    De Patrice Sadler huet “Keep Driving” fir eis getest.
    6 min
  • Aloft
    Einfach mat sengem Gleiter vun Insel zur Insel fléien, oder direkt eng ganz Insel zu engem Schëff ëmbauen, fir datt een nei Inselen entdecke kann a seng Basis weider ariichte kann. “Aloft” kombinéiert Entdecken, Crafting a Base-Building, op eng ganz nei Manéier. D'Sophie Kucharzyk huet sech d'Spill fir eis ugekuckt.
    7 min

About Level up

From the publisher's feed

Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.