Level up

Level up

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Level up episodes

  • Metaphor - Re:Fantazio
    Wat kënnt dobäi eraus, wann ee klassesch Rollespiller wéi “Final Fantasy” mat den Tableaue vum Kënschtler Hieronymos Bosch an dem Francis Bacon sengem utopesche Wierk “Nova Atlantis“ mixt? Dat japanescht Rollespill “Metaphor - Re:Fantazio”. Den Yves Meyer stellt dat Spill vir.
    6 min
  • Tactical Breach Wizards
    En taktescht Videospill, bei deem een awer keng Spezialunitéit vun der Police steiert, mee all d'Charaktere sinn Zauberer. Dem Patrice Sadler no ass Tactical Breach Wizards een taktescht Meeschterwierk mat vill Charme an Humor.
    6 min
  • Until Then
    En narratiivt Abenteuerspill, dat d’Geschicht vun engem jonken Teenager am Chaos vun enger Welt erzielt, déi vun 398 Naturkatastrophe getraff gouf. Et erlieft een den Alldag vum Mark Borja a senge Frënn an d'Freed an d'Leed vun engem typesche Schouljoer. Wärenddeem een also een typescht Teenager Liewe matverfollege kann, passéieren awer ëmmer mei geheimnisvoll Saachen. Leit verschwannen a komesch Déjà-Vue bréngen dem Mark säi Liewen aus dem Rudder.
    Baséiert an der fiktiver Stad Liamson op de Philippinnen, kombinéiert „Until Then“ déi spannend Atmosphär vun enger visueller Novell mat enger faszinéierender Geschicht, déi d’Spiller duerch spannend Entscheedunge leet. D'Sophie Kucharzyk stellt eis d'Spill vir.
    3 min
  • Shadow of the Erdtree
    „Shadow of the Erdtree“ ass d’Expansioun vum Fantasy Rollespill Elden Ring, dat2022 erauskomm ass. Den Add-on hält alles bäi wat den Original esouerfollegräich gemaach huet: epesch Bossen a vill Wow-Momenter. Gläichzäiteg huet denEntwéckler From Software et hei gepackt, déi grouss Open-World mat ganz ville Saachen ze fëllen déi et ze entdecken an ze bewältege gëtt.
    6 min
  • Dave The Diver
    Mat Dave the Diver ass dem Entwéckler-Team Mintrocket eng Mëschung tëscht Exploratiounsspill a Restaurantsimulatioun gelong. De Spiller iwwerhëlt d’Roll vum Dave, deen am Dag dauche geet fir Fësch ze fänken, déi hie senge Clienten Owes an der Sushibar zerwéiert! Ee ganz besonnesche Setting, deen een sech net entgoe loosse sollt.
    5 min
  • Ghost of Tsushima
    E Spill, dat een an d'Japan vum 13. Joerhonnert mathëlt an en historeschen Hannergrond huet. Mir spillen hei de Samurai Jin Sakai, dee seng Insel géint eng mongolesch Invasioun verteidege muss. An dobäi muss hien entscheeden, ob hien dat mat Éier mécht oder dach op méi hannerhälteg Methoden zeréckgräift. E Spill, dat duerch seng Charakteren a seng Atmosphär iwwerzeege kann.
    5 min
  • Mafia: Definitive Edition
    Den Yves Stephany ass begeeschtert vun dëser Neioplo vum éischte Spill aus der Mafia Trilogie, dat 2002 fir d'éischt erauskoum. “Mafia” hëlt eis mat an d'30er an d'Zäit vun der Prohibitioun. Et iwwerzeegt duerch eng stëmmeg Atmosphär, eng flott, iwwerschaffte Grafik, a Personnagë mat Déifgang a Charakter.
    4 min
  • Age of Mythology Retold
    2002 koum dat Spill eng éischte Kéier eraus, elo hunn d‘Entwéckler awer eng nei Versioun publizéiert, déi eng besser Grafik, en neit Vollek an nei Optioune bitt, déi engem d‘Liewe méi einfach maachen. Wien d‘Strategie-Spiller gären huet an e Fan vu Mythologie ass, sollt hei op alle Fall bis eraluussen.
    6 min

About Level up

From the publisher's feed

Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.