Level up

Level up

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Level up episodes

  • Subliminal
    En Horrorspill mat héijem Usproch: Subliminal hëlt ee mat a verstéierend Raim, vu Poollandschafte bis zu Indoorspillplazen. D'Spill beandrockt mat extreem realistescher Grafik, mee schreckt of duerch grujeleg Puzzelen .
    7 min
  • Zwee Videospiller am Genre vun 2D- Kampfspiller
    Deen neitsten “Street Fighter“-Deel, nämlech dee 6., deen 2023 erauskoum, a “Guilty Gear Strive”, dee wéi seng Virgänger nees virun allem wéinst der Opmaachung aus der Konkurrenz ervirstécht, nämlech eng Mëschung aus Heavy Metal / Rock’n Roll-Elementer mat Anime Ästhetik.
    8 min
  • Resident Evil: Requiem
    Jumpscares garantéiert! De Gilles Schreurs stellt deen 9. Deel aus der "Resident Evil"-Rei vir, dem Survival-Horror-Computerspill.
    7 min
  • Pokémon Pokopia
    Pokémon mol ganz anescht: An Pokémon Pokopia gëtt net gekämpft, mee gebaut. Als Ditto stellt een eng zerstéiert Welt nees hier,lackelt nei Pokémon un an erlieft eng Mëschung aus Animal Crossing, Minecraft an Dragon Quest Builders, mat iwwerraschend vill Déift, Nostalgie an engem ganz eegene Charme.
    9 min
  • Anno 117
    De siwenten Deel aus der Anno-Réi, dat eis dës Kéier mat an d'Welt vun de Réimer mathëlt. Wéi déi Deeler virdru geet et hei drëms eng eege Stad opzebauen an no de Besoine vun den eegenen Awunner ze kucken. Par Rapport zu de Virgänger ginn et hei e puer Ännerungen an d'Spill kann och virun allem wéinst sengem Setting a senger Atmosphäre punkten.
    8 min
  • Slay the Spire 2
    No laangem Waarde kënne sech Fans vun Deckbuilder-Videospiller freeën: "Slay the Spire 2" ass endlech eraus.
    Wéi beim Virgänger baut ee säin eegent Kaartendeck op, kombinéiert Fäegkeeten a kämpft sech Etage fir Etage duerch e mysteriéisen Tuerm. Nieft neie Charakteren, Kaarten a Géigner bréngt d’Fortsetzung och eng moderniséiert Grafik a fir d’éischt en offizielle Koop-Modus fir bis zu véier Persounen.
    8 min
  • Roadside Research
    D’Universum ass 13,8 Milliarde Joer al. Et gëtt onendlech vill Galaxien an eventuell esouguer ausserierdescht Liewen. Am Videospill “Roadside Research” spillt ee genee esou ee Wiesen, getarnt als Tankstellepersonal.
    Am Kär ass et e Koop-Management Spill, an deem ee sech ëm eng Tankstell këmmere muss an de Betrib um Lafen hält. Gläichzäiteg verstoppt sech hanner dem Alldag eng vill méi grouss Aufgab. Déi richteg Missioun läit doran d’Mënschen ze erfuerschen an dat ouni opzefalen.
    7 min
  • Mewgenics
    E Videospill mat enger interessanter Iddi: Et muss ee Kazen ziichten an duerno da mat hinne kämpfen. Et muss ee probéieren de Kazen déi bescht Genen a Fäegkeeten ze ginn. De Yves Meyer stellt eis dat kuriéis Videospill vir.
    8 min
  • YAPYAP
    “YAPYAP” ass en neit Koop-Spill, dat perfekt an d'Rei vu Lethal Company an änlechen Titele rapasst. Hei spillt een Zauberschüler:innen, déi an den Tuerm vun engem rivaliséierenden Zauberer abriechen. Amplaz ze looten muss ee randaléieren, fir eng gewësse Quot ze erfëllen. Dat Besonnescht um Videospill: Zauberspréch ginn an de Mikro geschwat, well just esou hir Magie funktionéiert.
    7 min
  • Skate Story
    E Videospill, bei deem een op engem Skateboard ënnerwee ass. Allerdéngs fiert een hei net duerch Skateparken, mee duerch d'Ënnerwelt.
    7 min

About Level up

From the publisher's feed

Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.