Als éischte vun deenen zwee Liichtathleten war de Charel Grethen zu Rio am Asaz.
De lëtzebuerger Liichtathlet vum Joer 2010 war mat enger Zäit vun 1 Minutt 46 Sekonnen an 44 Honnertstel ugereest, an d'Chancen et fir an d'Halleffinale ze packen waren vu vireran relativ geréng.
De 24 Joer ale Lëtzebuerger huet sech zu Rio iwwert 800 Meter nawell net verstoppt an eng couragéiert Leeschtung gewisen. De Charel Grethen mat der Analyse vu senger Course.
Cut
Um Enn konnt sech de Lëtzebuerger als 5. a senger Serie net fir déi nächst Ronn qualifizéieren.
Fir de Charel Grethen war säin Optrëtt zu Rio eng flott Experienz, op déi hie positiv zeréck kuckt.
Cut
800 Meter Course vun de Dammen mam Charline Mathias war gëschter Owend. Déi 24 Joer al Sportlerin ass an hirer Serie net iwwert déi 8. an domat leschte Plaz eraus komm.
Och wann d'Lëtzebuergerin an de leschte Méint mat Blessure geplot war, hat si keng Erklärung fir hir Zäit vun 2 Minutten 9 Sekonnen an 30 Honnertstel, déi 8 Sekonnen iwwert hirem nationale Rekord läit, ....
Cut
Och bei der FLA huet een d'Coursen vun de Lëtzebuerger Vertrieder genau suivéiert.
Beim Charline Mathias war den Mathis Mellina vun der Liichathletik Federatioun sech sécher datt d'Resultat op eng net optimal Preparatioun mat ville Blessuren zeréck ze féieren ass.
CUT
Dem Charel Grethen seng Course war vun der Vitesse hir relativ lues, de Lëtzebuerger Athlet hätt am Endeffekt awer alles richteg gemaach.
CUT
Datt nieft dem Charline Mathias an dem Charel Grethen och nach de Yonas Kindé am Asaz ass, ass fir de Mathis Mellina a fir d'FLA extrem zefriddestellend, virun allem par Rapport zu de Joeren virdrun.
CUt