Déi erotesch Opzeechnungen vum Gaspar W. sinn am portugieseschen Original ënnert dem Titel "Os Cadernos do Gaspar" erauskomm
Vun Ana bis Zélia, iwwer Nadia, Sandrine a Valérie: De Gaspar huet e gutt gefëlltent Adressbuch an en ass ëmmer op der Sich no neien Eruewerungen. Dobäi investéiert hie keng Gefiller, Fraebekanntschafte si fir hien just en Zäitverdreif. Dee jonke Portugies mat dem hollännesche Familljennumm léisst keng Geléeënheet aus, scho guer net wann en se um sëlwerne Plateau zervéiert kritt. Zum Beispill wéi en aus der Vakanz erëmkënnt a gewuer gëtt, dass seng Sekretärin duerch e méi jonke Modell ersat ginn ass.
Och wann een op den éischte Säiten en aneren Androck kréie kann, "Les carnets de Gaspar" ass méi wéi just eng Reiefolleg vun eroteschen Aventüren vun engem a sech selwer verléifte Fraenheld. No an no gëtt et dem Gaspar kloer, dass hien sech hannerfroe muss. An dass dat Spillchen dat hie spillt, net ongeféierlech ass.
De José Luís Correia huet de Personnage vum Gaspar Weytjens ugangs an engem Blog optriede gelooss. 2020 koum e Buch op Portugiesesch eraus, elo, 5 Joer méi spéit, déi franséisch Iwwersetzung. Am Interview erzielt den Auteur wéi et dozou koum. D'Gespréich kënnt awer och op säi grousst Virbild, den US-Schrëftsteller Henry Miller, an op déi schwiereg Balance wann een sech zu Lëtzebuerg an a Portugal gläichermoossen doheem fillt.
[attachment id="106981533" __caption="Cover les carnets de Gaspar"]
"Les carnets de Gaspar - Journal érotique d'Alexandre Gaspar W."
vum José Luís Correia
Aus dem Portugieseschen iwwersat vum Carlos de Jesus
erauskomm bei: D'Bréck
392 Säiten
ISBN 9 789998 799554
25€