Automag

Neie Bensinnsnumm: 95er E10, 23/02/2019


Listen Later

23/02/2019 AUTOMAG Nei Bensinnszort E10 (10h00)             P. ORIGER
USO: Et ass wahrscheinlech nach kengem opgefall mee zenter Januar 2019 gëtt et een neie Sprit op eise Pompelstatiounen, de 95er E10. Wat derhannert stécht a wat een doriwwer wësse muss, seet eis de Paul Origer.

Paul de 95 E5 gëtt et net méi, elo kënnt de 95 E10 amplaz – klär eis emol op!
De 95er kenne mer alleguer, dat war bis elo den Eurosuper bläifräi mat 95 Oktan. Bei eisen däitschen Nopere gouf et awer scho méi laang e puer Ennerkategorien; E5 an E10.

Wat heescht dat?

E steet fir Ethanol, méi genee Bioethanol an d'Zuel fir de Pourcentage vu Bioethanol an dëser Spritzort.

Esouwäit esougutt – firwat kënnt dat elo?
Hannendru stiechen EU-Richtlinnen déi virschreiwen, dat bis 2020 10% erneierbar Energien am Transportsekteur mussen erreecht ginn. Domat sollen CO2-Emissiounen an Treibhausgasen erofgoen wëll d'Produktioun vu Bioethanol manner Zäregase verursaacht.

An Däitschland gëtt et den E10 scho méi laang, do war de Start awer net esou diskret verlaf wéi bei eis?
Ma nee, iwwerhapt net. Et ass zu engem grousse Skandal ausgeart, et gouf zum Boykott vun E10 opgeruff. Engersäits wéngt emwelttechnesche Bedenken, virun allem awer och well vill al Autoen iwwerhaapt net mat deem Sprit kompatibel sinn. Deemools war den Ofsaz esou schwaach dat d'Aféierung virleefeg gestoppt gouf an den E5 am Programm bliwwen ass. Ech hat leschte Samschden beim Veteran and Vintage Car Club Lëtzebuerg nogefrot – dem Präsident Alain Friser no schéngt sech nach kee Clubmember doriwwer Gedanke gemaach ze hunn.
23/02/2019 AUTOMAG Nei Bensinnszort E10_CUT01_NetVirbereet

Du seess den E10 verdréit sech net mat alen Autoen, wat ass do dann de Problem?
Problem ass dat vill Motoren a virun allem d'Périphérie an d'Leitungen net fir esou een héighen Undeel u Bioethanol ausgeluecht sinn. Leider ass nach net all Oldtimerfan doriwwer am Bild!
23/02/2019 AUTOMAG Nei Bensinnszort E10_CUT02_ReaktiounAlainFriserVVCCL

Eppes wat eiser Emwelt eppes brénge soll an awer Nodeeler mat sech bréngt – war dat och den Ausléiser fir de Skandal bei eisen däitschen Noperen?
Do gëtt et den E10 effektiv scho méi laang; 2011 gouf mat der Aféierung ugefaang.
Den technesche Problem gouf jo schonn deelweis erkläert; Ethanol ass Alkohol an dee ka Plastiker a Gummien ugräifen, dat gëllt och fir Deeler aus Aluminium déi am System vun der Spritversuergung verbaut sinn. Ausserdem hat een Ingenieur vu BMW 2011 gewarnt dat duerch Ethanol an déi folleglech Kondensatioun méi Waasser an de Motor an an den Ueleg geréit. Ausserdem soll den Auto méi Bensinn verbrauche wëll am Ethanol 32 % manner Energie enthalen ass, esou deemols den ADAC.
Ob et der Emwelt eppes brénge soll, war deemols och staark emstridden; fir méi Ethanol musse méi Planzen ugebaut a méi Akerland erschloss ginn, respektiv Ethanol importéiert ginn. Ausserdem komme beim Ubau och nees Dünger a Pestiziden an den Asaz.

Also keen einfache Start deemols – haut huet sech dat alles awer kalméiert?
Haut héiert een effektiv näischt méi dovunn. A bei Autoen, déi fir E10 zougeloss sinn, si bis haut nach keng Schied bekannt. An et sinn haut 9 vun 10 Autoen déi E10 verdroen; Ausnahme si wierklech eeler Modeller mat an ouni Injectioun a virun allem Bensinndirektasprëtzer vun der éischter Generatioun. Als Léisung huet sech fir vill Skeptiker den 98 Oktan Bensinn erausgestallt, dee bleift nämlech ëmmer nach bei 5% Ethanol.
Fir den Alain Friser vum Veteran and Vintage Car Club Lëtzebuerg a vill aner Oldtimerfans wäert dat elo, wann d'Saison nees ugeet, déi eenzeg a sécher Alternativ sinn.
23/02/2019 AUTOMAG Nei Bensinnszort E10_CUT03_Alternativ98Oktan

OFSO: An et kann een sech natierlech online informéieren ob säin Auto mat E10 kompatibel ass; op e10.lu ginn et all déi néideg Informatiounen.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners