Haut si mir a Frankräich ënnerwee, an dat direkt am duebele Sënn. Du hues d’lescht Woch tëscht Nice a Monaco den neie Peugeot 508 probéiert?
Mam 508 kämpft Peugeot direkt op zwou Fronten. Eischtens ass do déi éiweg Fro, op d‘Fransousen iwwerhaapt eng Limousine baue kënnen, déi der däitscher Konkurrenz d’Waasser reeche kann. An zweetens muss de 508 beweisen, dass déi klassesch Limousine an Zäite vun SUV a Crossover nach net dout ass. An ech muss soen, bei béide Missioune schneit de 508 zimlech gutt of!
Wann ech mir d’Fotoen esou ukucken, muss ech soen, dass d’Designer nawell zimlech couragéiert waren…
Ganz expressiv Proportiounen. Méi kuerz, méi flaach a minimal méi breet wéi de Virgänger. E mécht e kräftege selbstbewossten Androck. D’Ligne ass éischter déi vun engem Coupé, dat heescht d’Daachligne leeft no hannen zimlech flaach aus. Wann ee vu vir kuckt, falen direkt riets a lénks d’Dagesluuchten op, eng schmuel vertikal Sträif bal iwwert déi ganz Héicht vun der Calendre. Hanne fält direkt eng breet schwaarz Sträif op, an där déi hënnescht Luuchten integréiert sinn, och dat dréit zum wierklech styleschen Optrëtt bäi.
Ass et net vläicht zevill dees Gudden?
Gefält definitiv net jiddferengem, mä polariséiert definitiv och net esouvill wéi en DS5 beispillweis, an et wierkt och net esou opgesat wéi de VW Arteon. Et ass einfach en eegene Stil, an net esou langweileg wéi dat wat déi däitsch Premium-Marken eis am Moment u Limousine virsetzen. Dat gëllt och fir den Intérieur. Peugeot war do ganz kreativ, den Tableau de Bord besteet aus verschiddenen Niveauen… op den éischte Bléck e bëssen onroueg, awer wéi gesot, méi flott ze kucken wéi den groen däitschen Eenheetsbräi. An et ass och nach akzeptabel verschafft.
Du hues d’Coupé-Ligne ugeschwat. Wéi praktesch ass dee flaachen Daach iwerhaapt?
Kappfräiheet leider net optimal, do verléiert een effektiv zwee dräi wichteg Zentimeter an der Héicht. Mä ähnlech wéi de VW Arteon oder den Opel Insignia kënnt och de Peugeot 508 mat engem grousse Mallendeckel, engem Hayon… Dat war laang Zäit out, mä wann een déi grouss Ouverture vun der Mall gesäit, versteet een firwat ëmmer méi Designer dohinner zeréck fannen. D’Vue no hannen ass zwar net perfekt, mä dat ass hautzedags leider e Problem bei villen Autoen.
Ass de Peugeot 508 op der Strooss éischter e rouege Gesell oder éischter e Sportler?
E gudde Kompromëss, d’Fuerwierker si souwisou eng vun de grousse Peugeot-Stäerkten. Mäin Testauto hat en adaptiivt Fuerwierk, mä et huet een am beschten de Peugeot-Ingénieure blann ze vertrauen an am Normal-Modus ze fueren. Dat passt am beschten, am Confort-Modus ass de 508 e bësse vill schwammeg, am Sport-Modus ass en onnéideg haart. Mä „normal“ bitt e bal perfekte Kompromëss fir den Alldag, schéin direkt, mam néidege Feedback a mat genuch Laangstreckeconfort.
Beim Motor sinn ech mir nach net ganz eens. Ech sinn nëmmen de 1600er Bensinner mat 225 Päerd gefuer. Dee leeft roueg, geet gutt, mä bon, bei 225 Päerd hätt ech mir nach eppes méi erwaart, do feelt et einfach e bëssen u Charakter. Et kritt een och nach e Bensinner mat 180 Päerd an dräi Dieselen tëscht 130 an 180 Päerd, en Hybrid soll nach nokommen.
Däi Schlussverdict misst ganz positiv ausfalen?
Mir testen hautzedags bal nëmmen nach iwwerstylten SUV’en, an heiansdo langweileg Limousinen. An do deet et einfach gutt, en Auto wéi de 508 ze probéieren: eng klassesch Limousine, déi awer aus dem Eenheetsbräi ervirstécht. Déi genee PRäislëscht ass nach net do, mä de 508 giff tëscht 30 a 50‘000 Euro rangéieren. Dat ass däitschen Niveau, et muss ee kucken, wéi de 508 sech do schléit.