Muer ass d'Sparta Bartreng zwee mol am Asaz.
Bei den Dammen geet et um véirel fir 6 géint de Gréngewald an duerno bei den Hären um véirel op 8 géint d'Amicale Steesel.
Fir de President Frank Arendt ass et natierlech immens erfreelech datt direkt zwou Equipen an der Coque dobäi sinn.
CUT
Obwuel bei den Dammen d'Sparta an der Roll vum Aussesäiter ass, hofft een géint de Gréngewald op eng Victoire, d'Lynn Kauffmann.
CUT
De Gréngewald huet des Saison eppes fäerdeg bruecht wat bis elo soss nach kenger Equipe gegléckt ass.
An der Coupe hunn si nämlech den T71 Diddeleng eliminéiert, wat bis elo nach ëmmer déi eenzeg Néierlag vum Tabelleleader aus dem Championnat ass.
Dammen vum Herrmann Paar ginn deemno als liichte Favorit an de Match géint d'Sparta.
Bei den Hären ass et eng ähnlech Situatioun.
D'Sparta ass wuel e bëssen manner staark anzeschätzen wéi Steesel an awer stinn d'Chancen net schlecht, sou den Nationaltrainer an RTL Expert Ken Diederich.
CUT
E Sonndeg um 3 Auer spillt Wolz bei den Dammen géint d'Amicale Steesel.
Den aktuelle Doublé Gewenner ass den Ament gutt drop, hellt Wolz awer net op déi liicht Schëller, sou den Trainer Rene Kaiser.
CUT
Bei den Hären ass et um hallwer 6 déi zweet Halleffinalle tëscht der Etzella an Hiefenech aus der National 2.
Déi Ettelbrécker sinn bis elo déi dominant Equipe an trotz 10 Punkten Reckstand wier eng Néierlag immens iwwerraschend, sou de Ken Diederich.
CUT
All d'Matcher ginn de Weekend och hei um Radio an op rtl.lu am Livestream iwwerdroen.