Alt ze vill hat net gefeelt, an d'Lëtzebuerger Hären Nationalequipe hätt an der EM Qualifikatioun sensationell a Portugal gewonn.
Um Enn gouf et trotz 23 Punkten Avance an der Paus eng knapp Néierlag no Verlängerung.
Mat der Leeschtung war de Nationaltrainer Ken Diederich trotzdem zefridden.
CUT
Spéitstens elo misst awer bei verschidden Equipen de Message ukomm sinn datt d'Lëtzebuerger op engem gudden Dag engem kennen ee Been stellen.
D'Jongen hu Confiance getankt an mam Public am Réck hofft een am Februar géint Zypern deemno wéi kennen ze wannen.
CUT
Et ass och fir d'éischt datt d'Lännermatcher während der Saison gespillt ginn, an net méi wéi soss am Summer, ass dat elo eppes wat dem Ken Diederich entgéint kennt oder net?
CUT
Spotlight Jingle
De Weekend geet et fir d'Lëtzebuerger Hären da nees am Championnat virun.
Am Spëtzematch kritt d'Amicale Steesel vun de Musel Pikes, an do stinn virun allem d'Gäscht ënner Drock, sou de Ken Diederich dee jo och Coach vun der Amicale ass.
CUT
Den Owend spillt schonns d'Sparta géint de Racing.
Muer sinn soss nach d'Matcher Hiefenech géint Diddeleng an Konter géint Esch.
E Sonndeg spillt dann nach d'Etzella doheem géint Walfer.
Bei den Dammen ass den 12. Spilldag an hei spillt den Owend schonns d'Sparta géint d'Musel Pikes.
Muer sinn 3 Partien, Steesel am Derby géint Walfer, Konter géint Hesper an de Gréngewald géint de Basket Esch.
E Sonndeg spillt nach Ettelbréck géint den T71.
Sproch vun der Woch Jingle
Déi Néierlag a Portugal war éigentlech keng.
Op mannst wann een et esou charmant ausdreckt wéi de Nationaltrainer.
CUT