D'Paus am nationalen Häre Basket ass eriwwer, allerdéngs hunn de Jang an de Guy hir nach e bëssen verlängert, dofir triede mir haut un.
Déi éischt zwou Plazen sinn jo schonns un d'Etzella an d'Amicale Steesel verginn, déi domat sécher an der Halleffinalle stinn.
Déi lescht 3 Matcher vum Playoff dengen lo fir déi aner fir sech fir d'Véirelsfinallen ze positionéieren an den Heemvirdeel ze sécheren.
Dem Basket Esch kéint schonns dëse Weekend mat enger Victoire géint d'Sparta déi drëtte Plaz kloer maachen.
Op Esch muss een oppassen, den Ament leeft net alles perfekt, ma d'Equipe huet ënnert dem aktuellen Trainer Sylvain Lautié eng nei Confiance entdeckt, de Joe Biever.
CUT
Let's Talk About Jingle
Vun de Géigenden an deenen de Basket Esch ënnerwee ass kann den AB Konter den Ament nëmmen dreemen.
Den Traditiounsclub kämpft géint den Ofstig an et gesäit Stand Haut guer net gutt aus, den Team Manager Francis Rollinger.
CUT
E Samschden geet et elo géint de BC Mess, ma de Problem ass och datt Konter géint Walfer an de Racing verluer huet an et deemno och am direkten Verglach net gutt ausgesäit.
CUT
Och den Trainer Frank Mériguet steet elo zolidd ënner Drock, souwuel un hien wéi un d'Equipe waren d'Erwaardungen virun der Saison ganz anerer, sou de Francis Rollinger.
CUT
Sproch vun der Woch Jingle
Wann's de keng Chance hues kennt och nach dacks Pech dobäi, oder dem Francis Rollinger no nach ganz aner Saachen.
CUT