Rebound (Radio)

Rebound, 02/06/2017


Listen Later

Dës Woch sinn déi Lëtzebuerger Dammen- an Häreselektiounen op de Spiller vun de klenge Länner a San Marino mat enger klorer Missioun, nämlech sech esou gutt wéi méiglech ze placéieren.

Am Kloertext heescht dat fir d'Dammen, wann et nëmme geet, den Titel vu virun 2 Joer an Island ze verteidegen.

Bei den Hären si mer noutgedrongen eng Grimmel méi bescheiden. D'Participatioun vu Montenegro mécht d'Aussiicht op Gold sou gutt wéi onméiglech.

Eng Medaile sollt et awer scho sinn, woubäi d'Faarw net esou wichteg ass, wann d'Leeschtung stëmmt.

Dat war d'Theorie virum Depart, oder solle mer et léiwer Wonschdenken nennen, well d'Praxis ënner där warmer südlecher Sonn gesäit anescht aus.

Fänke mer emol mat den Dammen un, déi sech am 2. Match vum Tournoi géint Malta duerch eng knapp 50 op 52 Defaite e ''Faux - Pas'' geleescht hunn, a scho war Gold futsch.

Géint Island de Mëtteg hat d'Equipe vum Trainer Mariusz Dziurdzia déi Defaite nach am Kapp, an huet och do prompt mat 44 op 59 verluer.

Am Endeffekt ass den Dammen also just Bronze bliwwen, an d'Cathy Schmit huet net probéiert eppes schéin ze rieden.

Bei den Hären huet den Tournoi mat enger Defaite géint Montenegro ugefaangen, mee dat war och net anescht erwaart ginn.

Méi batter war do schonn d'Néierlag mat 70 op 74 deen Dag drop géint Zypern, zemol déi ze evitéiere war.

Du ass et schonn enk ginn a punkto Medaile, an et huet een sech eigentlech keng méi dierfe leeschten.

Dat woussten och d'Spiller an de Staff, mee wann et rullt, da rullt et richteg, och am negative Sënn.

No deem einfachen an héije Succès géint San Marino gëschter, spillt dem Ken Diederich seng Equipe den Ament géint Island, eng Partie, déi wuel virentscheedend ass, fir nach eng Medaile ze kréien.

Den Tom Schumacher ass jiddefalls op e kierperleche Match agestallt.

SPOTLIGHT

Hei a San Marino ass och de Frank Muller bei der Hären - Nationalequipe derbäi.

De fréieren Diddelenger spillt awer net mat,  seng Aufgaben leien hei op engem ganz anere Plang ....


Cut 3:

SPROCH VUN DER WOCH

Den Dammen - Nationaltrainer Mariusz Dziurdzia huet no der Defaite géint Island dëst gesot ....

Cut 4:

Sorry Mariusz, kanns du mir  dann emol erklären, wat soss nach esou am Basket méiglech ass.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners