3 Equipen sinn virop mat 11 Punkten, de Racing, Steesel an d'Etzella.
Knapp hannendrun kommen dann Diddeleng an Esch.
Mat Walfer huet de leschte Weekend och déi lescht Equipe vum Championnat ee Match gewonn.
D'Résidence huet mat neiem US Amerikaner souverän zu Bartreng gewonn, deemno vill Steng déi zu Walfer vum Häerz gefall sinn, de Kevin Moura.
CUT
De Spëtzematch vun dësem Weekend gëtt zu Diddeleng gespillt, wou den T71 Besuch vun Esch kritt.
De Pit Biever weess wat op seng Equipe zoukënnt.
CUT
Bei de Musel Pikes geet den Ament guer net vill zesummen.
Nach ëmmer huet ee mat villen Absencen ze kämpfen an och spilleresch klappt et net sou richteg, och dëse Weekend gëtt et um Racing een haart Stéck Aarbecht, den Tom Nesser.
CUT
D'Amicale Steesel spillt eng anstänneg Saison, eréischt eng Néierlag an och spilleresch klappt et no grousse Changementer am Summer erstaunlech gutt, de Pitt Koster.
CUT
Let's Talk About Jingle
Bei den Dammen ass mam T71 Diddeleng nach eng Equipe ongeschloen.
Den T71 huet 1 Punkt Avance op de Gréngewald déi ee Match mei hunn.
Dann kommen souguer 4 Equipen mat 10 Punkten, nämlech Esch, Konter, Steesel an d'Etzella.
Sproch vun der Woch Jingle
De Steven Mersch huet no der Néierlag géint Steesel no Ursaache gesicht an als Rechekinneg iwwerzeegt.
CUT