Jang, ech muss soen, all Respekt dat hues de gutt gemaach!
Wat mengs de domat?
Du als ale Schoulmeeschter hues dat perfekte Beispill ginn wéi een et meescht fir op kee Fall méi a Fro ze kommen nach emol Schoul ze halen, obwuel mer der jo an der Educatioun dringend Léierpersonal brauchen.
De Basket Esch huet de leschte Weekend bei der Victoire géint Diddeleng 100 Punkte markéiert, an dunn koum am Interview mam Pit Biever däin Asaz an deng Rechenaufgab.
CUT
Loosse mer dat also lo mol sou am Raum stoen! ... staark ass awer och dat wat de Basket Esch den Ament spillt.
Déi Escher sinn nach ëmmer alleng un der Tabellespëtzt an et schéngt wéi wann dësen Erfolleg net iwwerraschend géif kommen, sou de Pit Biever.
CUT
An deen Trainer, nämlech de Sylvain Lautié schéngt an all Situatioun déi richteg Wierder ze fannen.
CUT
Dese Weekend spillt de Basket Esch op der Musel géint d'Pikes, deemno och de Retour vum Clancey Rugg bei seng al Equipe.
Let's Talk About Jingle
Den Ament spillt d'Amicale Steesel ouni hiren Haaptpilier Samy Picard deen eng Blessur um Fouss huet.
CUT
Bei der Victoire zu Hiefenech huet hien der Equipe net wierklech gefeelt, ma géint déi méi staark Géigner wäert dëst awer sécher de Fall sinn.
CUT
Ob de Samy Picard schonns e Sonndeg op der Etzella ka spillen, decidéiert sech deemno wéi den Owend um Training vun der Amicale.
Et steet awer fest, datt wann et dem Spiller nogeet et zwar soll sou séier wéi méiglech sinn mä trotzdem näischt soll iwwert de Knéi gebrach ginn.
CUT
Den Trainer Ken Diederich huet eis confirméiert datt den Asaz vum Samy Picard awer just géif a Fro kommen wann d'Blessur net méi ze spieren wier.
Sproch vun der Woch Jingle
Den Tom Schumacher hat no der Néierlag relativ séier eng Ursaach fonnt.
CUT