Rebound (Radio)

Rebound, 04/05/2018


Listen Later

Et hat een der Etzella méi zougetraut. Si waren och zweemol no drun. Mee nodrun geet net duer.

An den decisive Phasen, och nach money time genannt, hu si versot.
Zu Ettelbréck ware si 106 Sekonnen virum Enn 1 Punkt vir, hunn du awer net méi getraff. Esou guer op der Fräiworflinn ass hinnen de Wapp gaangen.

Zu Steesel haten si 35 Minutten alles am Grëff. Du huet et awer erëm un der néideger Routine gefeelt, fir dat Resultat ze geréieren.

Ganz anescht ass dat bei Steesel. D’Amicale war zäitweis 15 Punkten hannen. Panikéiert hunn si net. Mat hirer ganzer Experienz aus de leschte 6 Joer, wou si ëmmer an den Titel-finale waren, haten si um Schluss d’Nues vir.

Wann ee vun Experienz schwätzt, da fält engem direkt de Billy Mac Daniel an. De sympatheschen Amerikaner spillt seng 10. Saison zu Lëtzebuerg a seng 5. fir d’Amicale Steesel. De Ken Diederich weess, wat hie nun him huet:
Cut KEN 1

Den 28. Mee kritt hien 34 Joer. Zum alen Eisen gehéiert hien net. Mat 26 respektiv 34 Punkten war hien de Garant vun der 2 - 0 Féierung.

Wann hien e Sonndeg feiert, da wier dat de 5. Titel an de leschten 3 Joer. 2016 Champion, 2017 an 2018 Doublé Gewënner.

Mee nach ass et net esou wäit. Ettelbréck huet e Sonndeg um 5 Auer  eng lescht Chance, d’Saach spannend ze halen.

                                              SPOT LIGHT

D‘Damme sinn eréischt bei den Hallef-Finalen. Ma déi kënnten awer de Owend schonn ofgeschloss ginn.

Den Titelverdeedeger Steesel geet no enger däitlecher Victoire en Dënsdeg haut nach just op Konter, fir sech do den Ticket fir d‘Final ofzehuelen.

E bësse méi spannend kann et zu Stadbriedemes hiergoen. D’Pikes Meedercher hunn dien éischte Match beim T71 zwar op 14 Punkte gewonnen. Mee déi jonk Diddelenger Equipe ass capabel, haut eng Reaktioun ze weisen.

Let’s talk about

Bei der Sparta setzen se scho méi laang intensiv op d’Jugend. Datt dat keng eidel Versprieche sinn, hunn se de leschte Weekend an der Coque  gewisen.

D’Coupe de Luxembourg goung an alle männleche Kategorien op Bartreng. D’Minien, d’Scolairen an och d’Cadets hunn hire Géigner an de Finale keng Chance gelooss.

Dobäi sinn d’Titelen fir de Bartrenger President Frank Arendt net dat wichtegst.

CUT Arendt 1

Bei der Sparta wëssen se och, wéi se déi Jugendlech begeeschtere kënnen. An der Ouschtervakanz stoung en Tripp an Amerika um Programm. Fir déi jonk ganz bestëmmt eng eemoleg Aventure:

CUT 2 Arendt

SPROCH VUN DER WOCH

D’Finalen ginn nom System best of five gespillt. D’Reienfollech ass vu vir eran fixe, seet den FLBB President Henri Pleimling.

Cut Heng

Home – away – home -  away – home – away – ass dat éieren en  Iwwergank op eng Serie best of seven.

.
    
 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners