D’Zuel vun de Basket- Arbitteren ass an de leschte Joeren konstant erof gaangen. Waren et fir déi vergaange Saison nach 133 Onparteiescher, esou huelen elo nach just 105 Arbiteren d’Päif an de Mond. E Championnat mat bis zu 3.000 Matcher ze garantéieren ass do net méiglech.
Bei 30 Matcher vu Jugend- a B-Equipen huet dëse Weekend en Arbiter gefeelt. Datt dës Zuel sech du reduzéiert huet, well verschidde Clibb Forfait erkläert hunn, kann net d’Léisung sinn.
Wéi kann een da Leit motivéieren, Arbitter ze ginn? 50 Euro pro Match, oder 20 Euro bei de Jugendequipen dreiwe ganz sécher keen op den Terrain.
Héich Strofe fir d’Clibb hu bis elo och näischt bruecht. D’Federatioun kritt zwar dës Saison domat 55.000.- Euro an d’Keess. Dat mécht d’Situatioun fir de Patrick Glod, de President vun der Arbitter-Kommissioun, awer net méi einfach.
CUT 1
E grousse Virdeel vun dësem Projet ass, datt dee Jonken net fir d’éischt eng laang theoretesch Formatioun muss maachen, mee direkt mat der Praxis confrontéiert gëtt.
CUT 2
Parallel zu dem Projet 10 huet d’Sparta och eng intern Initiative gestart.
3.750.- Euro Strof mussen déi Bartrenger un d’Federatioun berappen, well hinne 4 Arbittere feelen. Ma net eleng d’Geld huet de President Frank Arendt zu dësem Projet beweegt:
CUT 3
Strofe vun 1350 oder 1050 Euro, déi 2 Clibb aus der Total-League wéinst fautes techniquen bezuele mussen, beweisen, datt a punkto Respekt nach vill ze maache bleift.
SPROCH VUN DER WOCH
Mir hunn net Arbitteren genuch. Ech verstinn dat net.
D’Tribüne sëtze voll mat Leit, déi et besser kënnen.