Rebound (Radio)

Rebound, 06/10/2017


Listen Later


De Championnat 2017- 2018 versprécht eng spannend Saison ze ginn. No 2 Spilldeeg ass nëmme méi 1 Equipe ongeschloen, an dat ass den Opsteiger aus der Stad.

De Racing huet all Previsiounen iwwer de Koup gehäit. Kee schwätzt méi vun  engem Ofstiigskandidat. Wa si den Owend géint Konter untrieden, da maachen de  Max Hilger a seng Coequipieren dat mat ganz vill Confiance :
CUT 1 Max
Nom Racing huet och deen aneren Opsteiger fir Schlagzeile gesuergt. Hiefenech konnt sech géint de Vize-Champion vun der Musel behaapten. Dat koum och fir den Tim Schomer iwwerraschend:
CUT 2 Tim
Déi 2 Géigner heeschen haut Basket Esch an e Sonndeg Résidence Walfer. Hiefenech trëtt do mam neien Amerikaner Matt Bingaya un. Domat stinn hier Chancen op e weideren Exploit net schlecht.
Als eenzeg Equipe nach ouni Erfolleg ass d’Résidence vu Walfer. En éischt positiivt Resultat ass den Owend géint den Noper vu Steesel kaum ze erwaarden. Och wann de Patrick Arbaut dat méi optimistesch ugeet:
CUT 3 Arbaut
Interessant sinn och déi aner 2 Matcher. D’Musel Pikes wëllen  sech doheem géint d’Sparta erëm kafen.
A bei Diddeleng géint Ettelbréck sinn zwee Verléierer vum leschte Weekend ënnert sech.
Magic NUMBER

Respekt virum Arbiter, dat kennt net jiddereen.
567 Fautes Techniques goufen d’lescht Saison gepaff. Woubäi ee muss ervirsträichen, datt d’Meedercher sech besser am Grëff hunn, wéi d’Jongen. Nëmmen 73 mol gouf géint si gepaff, iwwerdeems d’Jongen sech 494 mol dernieft beholl hunn.
Dat kascht natierlech och eppes. D’Kordallsteelers hu fir hiert schlecht Behuelen 1275.- Euro Strof bezuelt. Konter kënnt direkt hannendrun mat 1250.- Euro

De béise Fanger maache mir hei dem Kevin Magdowski. Deen hält mat 9 Fautes techniques en traurege Rekord .

SPROCH VUN DER WOCH

Bei der Famill Schomer wossten déi 2 Bridder Tim an Tom, datt si um Weekend géinteneen untriede géifen.
Vu datt dee Klengen, den Tom vum Vize Meeschter Musel Pikes, kloere Favoritt war, géint den Tim vum Opsteiger Hiefenech, huet deen säi Brudder an der Woch natierlech e bësse gestëppelt.
Du koum awer alles anescht an den Tim huet mat Hiefenech gewonnen. Duerfir kritt den Tom elo alles zréck bezuelt:
CUT 4 Tom

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners