D'Etzella huet onofhängeg vun der Coupe gewisen datt am Championnat de Wee bei den Titel just iwwer si leeft.
Déi Ettelbrécker hunn am Spëtzematch géint de Basket Esch gewisen datt et och ouni zweeten US Amerikaner geet, den Fréderic Gutenkauf.
CUT
Virun allem defensiv hunn déi Ettelbrécker dëst d'Joer een Ziel.
CUT
De nächste Spëtzematch waard net laang op d'Equipe em de Fréderic Gutenkauf, muer den Owend geet et op Diddeleng.
CUT
Déi Escher haten anescht wéi de Rescht vun der Saison de leschte Weekend aus Lëtzebuerger Sicht net dee beschten Dag.
Et huet een offensiv praktesch just den den zwee Amerikaner gelieft, de Joe Biever.
CUT
Steesel bleift op der zweeter Plaz an der Tabell an huet géint d'Sparta eng gutt Leeschtung gewisen, den Pitt Koster.
CUT
Iwwermuer geet et dann fir den Derby op Walfer.
Am Tabellekeller hunn d'Musel Pikes de leschte Weekend eng immens wichteg Victoire géint Kordall Steelers geféiert.
Elo gelt et géint d'Sparta nozeleeen, de Jean Kox.
CUT
Spotlight Jingle
Bei den Dammen bleift den T71 Diddeleng souverän un der Tabellespëtzt an huet nach emmer kee Match verluer.
Anescht geet et deene Walfer Dammen.
Och nom 11. Spilldag waard d'Résidence nach ëmmer op déi éischte Victoire.