De kompletten 2. Spilldag vum Playoff gëtt schonns haut um Freideg gespillt.
Bei den Häre kéinten d'Amicale Steesel an d'Etzella Ettelbréck haut schonns déi éischt zwou Plazen fix buchen.
D'Amicale muss dofir awer haut vun véirel fir 9 un géint Esch een anert Bild weisen wéi d'lescht Woch op der Musel, well do huet net nëmmen eng Saach net geklappt, de Coach Ken Diederich.
CUT
Trotzdem ass d'Confiance nach ëmmer grouss zu Steesel, och wann een wéinst der aktueller Situatioun mat de Féiss um Buedem bleift.
CUT
Esch huet de leschte Weekend géint d'Etzella verluer an kritt och haut deemno eng haart Noss ze knacken.
D'Equipe em de Pit Biever léisst sech awer den Ament duerch näischt aus der Rou bréngen.
CUT
Och um véirel fir 9 kritt den T71 Besuch vun de Musel Pikes.
Béid Equipen trennt den Ament nëmmen 1 Punkt an der Tabell.
Déi Miseler kommen mat Confiance well ee mat der Victoire géint Steesel gewisen huet datt mat hinnen ze rechnen ass, de Jean Kox.
CUT
De Rescht vun der Saison mussen d'Pikes awer ouni de Raphael Martin auskommen.
CUT
Um 9 Auer spillt d'Etzella doheem géint d'Sparta, fir de Philippe Gutenkauf kennt do nëmmen ee Resultat a Fro.
CUT
D'Erwaardungen sinn dëst d'Joer ganz héich zu Ettelbréck, an der Finale vun der Coupe steet d'Etzella schonns, ma och am Championnat ass Ziel kloer.
CUT
Bei den Dammen spillen um véirel fir 7 Steesel an de Gréngewald, respektiv Diddeleng an d'Musel Pikes géinteneen.
Um 7 Auer kritt d'Etzella nach Besuch vu Konter.
Sproch vun der Woch Jingle
D'Musel Pikes hunn des Saison all Säit vun der Medaille kennegeléiert, ma a punkto Schlussklassement nom Playoff hat de Jean Kox sech am Interview mam Shari nach net alt ze vill Gedanken gemaach.
CUT