E Sonndeg kritt een zu Ettelbréck schonn e Virgeschmaach, ob dat, wat sech eng Woch méi spéit an der Arena vun der Coque ofspillt.
Och wann et no Avant-Première vun der Coupe Finale ausgesäit, esou ass et awer an éischter Linn e wichtege Match am Championnat. De Gewënner séchert sech nämlech fir d‘Schlussphase den Heemvirdeel, an dat ass sportlech a finanziell en Avantage.
De Pitt Koster vu Steesel denkt duerfir e Sonndeg och nach net un d’Coupe:
CUT 1 Pitt
De Pitt Koster setzt vill op d’Ënnerstëtzung, déi vun der Bänk kënnt. Wat déi sougenannten Ersatzspiller ugeet, do huet Steesel sech staark verbessert.
CUT 2 Pitt
Dat selwecht gëllt och fir d’Etzella. Den Dominique Benseghir, de Fréderic Gutenkauf oder de Gilles Polfer kënnen eng decisif Roll iwwerhuelen - wann si richteg waarm sinn, seet den Ettelbrécker Capitaine Jairo Delgado.
Cut 3 Jairo
Ënnert dem neien Trainer Kresimir Basic spillt d’Etzella och en anere Basket:
CUT 4 Jairo
Wie setzt sech definitiv un d’Spëtzt vun der Tabell: Ettelbréck oder Steesel? Wann et dem Pitt Koster no geet, ass et kloer:
CUT 5
Let’s talk about
De leschten Dënsdeg hat d’FLBB op hiren traditionellen Sponsors-Evening invitéiert. Bei dëser Geleeënheet gouf de Philip Dejworek offiziell als neie Responsablen am Nowuesberäich virgestallt.
Nodeems d’Virgänger op dësem Posten nëmme ganz kuerz aktiv waren, hofft den FLBB President Henri Pleimling, datt si zesummen mam Däitschen kënne laangfristeg eppes opbauen.
CUT 6
SPROCH VUN DER WOCH
E Sonndeg gi mir zwee op Ettelbréck. De Gilles Polfer huet eng grouss Sichaktioun lancéiert.
CUT Sproch
Gilles, pass e bëssen op wou’s du dech hintessels.