Steesel huet de leschte Weekend éischter Kraaft konnten tanken, an déi Haaptspiller bal konnte schounen.
Nom éischte Véirel war d'Amicale schonns 40 op 5 an der Fiels vir.
Ee Resultat wat een an der ieweschter Spillklass no engem Véirel nach net alt ze dacks gesinn huet.
D'Etzella huet géint d'Sparta gewonn an muss sech Tabelleféierung och nach mam Racing deelen.
Déi Ettelbrécker em de Frederic Gutenkauf sinn prett fir muer op Steesel.
CUT
Esch lauert mat engem Punkt manner direkt hannert deenen dräi Equipen.
Dese Weekend geet et op Bartreng, ma mat der Sparta hat ee nach net alt ze vill Zäit verbruecht, den Joe Biever.
CUT
D'Résidence Walfer huet mat der zweeter Victoire hannerteneen e bëssen d'Kéier kritt.
Ee groussen Undeel dorun huet den Kevin Moura deen immens vum néien Trainer Frank Baum profitéiert.
CUT
Och géint den T71 rechent sech den Kevin Moura Chancen aus.
CUT
Apropos T71 Diddeleng, déi hunn fir déi gréissten Iwwerraschung an der Coupe gesuergt, dat well si vun Hiefenech aus der National 2 eliminéiert goufe.
Och am Championnat huet Diddeleng de leschte Weekend zu Esch verluer, den Tom Schumacher huet no Grënn gesicht an déi just deelweis fonnt an eng nei Baskettheorie opgestallt.
CUT
Dofir ass et net ganz duergaangen well och de Joe Biever war gutt drop.
Sproch vun der Woch Jingle
Den Escher Playmaker seng Loscht fir an der Coupe op Beetebuerg ze goen hat sech um Mikro vum Shari Schenten a Grenzen gehalen.
CUT