Rebound (Radio)

Rebound, 10/11/2017


Listen Later

Bei den Dammen wéi bei den Hären ass dëse Weekend schonn dee leschte Spilldag vun der Aller – Ronn an der Qualifikatioun.

A wéi den Zoufall et wëllt, spillen bei den Hären déi momentan éischt 6 géinteneen, an déi 4 lescht sinn ënnert sech.

Do kann a wäert sech also bestëmmt munches doen, wat d’Klassement ugeet.

Besonnesch am Fokus stinn an där Optik engersäits d’Musel Pikes, déi bis elo op alle Fall net dee Rendement hunn, deen si sech sécher selwer erhofft haten.

Eng Ursaach heifir, an net déi mannsten, ass ganz kloer de Wiessel virun der Saison vun hirem laangjäregen Amerikaner Clancy Rugg bei de Basket Esch.

D’Pikes konnten deen Transfert bis elo net richteg kompenséieren, an et kann ee gespaant sinn, ob sech hei an deenen nächste Wochen net vläicht eppes wäert doen.

Vill Sputt bleift deene Miseler net, besonnesch wann dëse Weekend hiert Deplacement bei den T71 och nach sollt an d’Box goen.

Déi aner Equipe, op déi ee muer ganz gespaant wäert kucken, sinn déi Hiefenecher bei hirem Auswäertsmatch zu Konter.

D’Equipe vum Trainer Alex Pires huet nämlech virun 8 Deeg bei der Victoire géint de Racing ënnerstrach, dass vun elo un en anere Wand bei hinne bléist.

Mat Schold dorun ass ouni Zweiwel deen neien Amerikaner Giovonni Shuler, dee bei sengem 1. Optrëtt gewisen huet, wat hien drop huet.

Den Hiefenecher Joël Thesen ass op alle Fall iwwerzeegt vu sengem neie Coequipier, a kuckt méi optimistesch an d‘Zukunft ….

Cut 1:

No der Aller – Ronn hunn d’Hären, mat Ausnam vun den Nationalspiller, eng Paus vun 2 Weekender.

D‘Nationalequipe spillt nämlech am Kader vun enger EM- Prequalifikatioun de 26. November a Portugal.

Fir d’Dammen dogéint gëtt et keng Paus, fir si geet et direkt weider mat de Retour – Matcher am Championnat.

Hei ass d’Tabellebild och méi kloer. Mam Champion Steesel, Konter, de Musel Pikes an dem T71 Diddeleng hu scho 4 Equippen sech e bëssen ofgesat.

LET’S TALK ABOUT

Dës Woch waren, iwwer 3 Deeg verdeelt, d’Aachtelsfinallen an der Coupe de Luxembourg.

Déi favoriséiert Equippen konnten sech um Enn alleguer duerchsetzen a sech fir Véierelsfinallen qualifizéieren.

Eng kleng Iwwerraschung gouf et trotzdeem mat der Eliminatioun vum T71 Diddeleng op der Sparta. E puer aner Favoritten haten méi Krämpes, wéi hinne léif war.

Déi nächst Woch ass et dann un de Meedercher. Si spillen, och iwwer 3 Deeg, an der ‘‘Coupe des Dames‘‘.

MAGIC NUMBER

Bei den Hären konnten sech 6 Equippen aus der Total – Ligue fir d’Véierelsfinallen an der Coupe de Luxembourg qualifizéieren.

2 sinn der noutgedrongen eliminéiert ginn, dat well se géint aner Veräiner aus der ieweschter Divisioun verluer hunn.

Och bei den Dammen déi nächst Woch sollten sech der 6 vun den Top – Equippen an de Véierelsfinallen erëmfannen. Méi geet op alle Fall net.

SPROCH VUN DER WOCH

An den Aachtelsfinallen vun der Coupe sinn dach an der Reegel 8 Matcher, oder ieren ech mech do?

Neen, do hues de Recht.

Bei den Dammen ass dat dës Saison awer net esou, do sinn et der nëmme 7.

Da wonnert mech elo och net méi, dass ech neierdéngs mat den Zuelen esou meng Problemer hunn. De Basket ass un allem Schold.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners