Wann d'Musel Pikes nach eng Chance wëllen hunn muss dëse Weekend gutt fir si lafen.
An anere Wierder bräichten si eng Néierlag vun der Sparta géint den Tabelleleader Etzella an déi Miseler missten doheem géint de Racing wannen.
Datt d'Pikes doheem géint de Racing wannen ass net ausgeschloss, déi Stater em de Christophe Laures wëssen wéi schwiereg et gëtt.
CUT
D'Sparta erhofft sech nom Succès zu Walfer och doheem géint Steesel eppes kennen ze maachen.
Wann dat soll klappen muss et eng aner Leeschtung wéi am Aller Match ginn, sou den Tom Schomer.
CUT
Zu Steesel ass den Ament nees alles am grénge Beräich, déi héich Victoire géint de Racing huet nom schlechten Ofschloss 2018 gutt gedoen, de Yann Wolff.
CUT
Elo geet et géint d'Fiels an do gelt et de Géigner trotz der héijer Victoire am Aller Match net z'ennerschätzen.
CUT
Zu Walfer heescht et des Saison, alles géint den Ofstig.
Muer geet et bei d'Kordall Steelers an et muss eng Victoire ginn, seet de Kevin Moura.
CUT
Let's Talk About Jingle
Och bei den Dammen ass et nach richteg spannend wat déi 6. Plaz ugeet.
Esch an d'Etzella hunn den Ament 23 Punkten an domat 1 méi wéi de Gréngewald op der 7. Plaz.
Iwwregens spillen um leschte Spilldag souguer Esch an de Gréngewald nach am direkten Duell géinteneen.
Ongeschloen un der Tabellespëtzt mat 15 Victoiren ass nach ëmmer den T71 Diddeleng.