Rebound (Radio)

REBOUND, 12/01/2018


Listen Later

Kaum huet dat neit Joer ugefaangen, sinn d’Basketspiller schonn nees voll am Jus.

Duerch den Nodrosmatch bei den Hären tëscht Walfer an de Musel Pikes, ass d’Tabelle sou lues och erëm an der Riicht.

Eenzeg Konter an de Racing hu schonn 1 Match méi um Compteur wéi di aner 8 Equippen.

Si hunn nämlech hire Match vum 12. Spilldag, dee komplett ausgefall war, schonn Enn vum leschte Joer nogespillt.

Déi aner 4 Partien vun deem Spilldag stinn all déi nächst Woch um Programme, an da misst erëm alles normal sinn.

An deem Nodrosmatch, deen en Dënschdeg zu Hiefenech iwwer d’Bühn gaangen ass, konnten d’Pikes sech um Enn géint Walfer duerchsetzen.

Domat hunn déi Miseler hir Aussiichten op de spéideren Titelgrupp däitlech verbessert, och wann nach laang net alles an dréchenen Dicher ass. Dat mengt op alle Fall och de Pikes – Trainer Frank Baum.

D’Résidence dogéint steet lo praktesch mam Réck zur Mauer a muss onbedéngt direkt reagéieren.

An deem Kontext sinn deene Walfer hir 2 Matcher dëse Weekend, e Freideg zu Bartreng an e Sonndeg zu Hiefenech géint den T71, wuel schonn decisiv.

Fir de Résidence – Spiller Kevin Moura ass trotzdeem nach näischt verluer.

MAGIC NUMBER

D’Harlem – Globetrotters sinn dës Joer nees op Tournée duerch Europa a maache bei där Geleeënheet och eng Halt zu Lëtzebuerg.

Op Initiativ vun der Sparta trieden déi amerikanesch Ballartisten den 2. Mäerz um ½ 8 am Centre Atert zu Bartreng op.

Och wann d’Globetrotters aner a vill méi grouss Hale gewinnt sinn, huet dëse Site fir de Bartrenger President Frank Arendt e spezielle Charme.

Rendezvous deemno fir all Frënn vu spektakulärem Basket mat artisteschen a witzegen Einlagen ufanks Mäerz zu Bartreng.

SPROCH VUN DER WOCH

Op der Musel war déi lescht Deeg net nëmmen Héichwaasser, mä fir d’Fans vun de Pikes huet och nach bal de Bam gebrannt.

E Kolleg vun der Sportpress hat nämlech op Facebook geschriwwen:

Frank Baum will Jarmar Gulley entlassen.

D’Pikes Supporter wollte schonn op d’Barrikade klammen, du huet de Mëssel sech glécklecherweis gekläert.

De gudde Mann wollt nämlech schreiwen:

Frank Baum will Gulley entlasten.

Sou séier kann ee klenge Schreiffeeler fir grouss Opreegung suergen.

An dat seet och nach e fréiere Schoulmeeschter!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners