Et muss een et vir ewech huelen, bei den Dammen huet d'Amicale Steesel an der zweeter an decisiver Finale näischt méi ubrenne gelooss.
D'Equipe vum Trainer René Kaiser, deen iwwregens ophält huet eng exzellent Leeschtung gewisen a verdéngt den Titel gewonnen.
Mat 30 Punkten Ecart gouf et eng Steeseler Victoire an de René Kaiser ka roueg a mat engem Doublé an d'Basket - Pensioun goen.
Bei den Hären huet och d'Amicale d'Iwwerhand behalen, fir den Eric Jeitz dee vill Titelen a senger Karriär gewonnen huet, war et dee Leschten zu Steesel.
Fir den Eric Jeitz deen zu Diddeleng wunnt, kennt d'Optioun Steesel elo net méi a Fro.
Am grousse Ganzen huet hien nieft senger Zäit zu Steesel och mam AB Konter den Titel gewonnen, an a Finalle gespillt.
Elo stellt sech natierlech d'Fro op den Eric Jeitz nach eng weider Saison Basket spillt oder ob hien ganz ophält.
Sproch vun der Woch Jingle
Och wann den Eric Jeitz sech elo ee Vëlo beim Edy Schütz kaf huet heescht dat nach laang net datt hien den Tour de France ka matfueren.