Datt Steesel an Diddeleng no 3 Spilldeeg ganz uewen an der Tabell stinn ass net onbendengt iwwerraschend.
Datt awer och de Racing dobäi ass, ass schonns méi speziell.
D'Equipe aus der Stad hat schonns déi lescht Saison en exzellenten Start, duerno ass et awer konstant biergof gaangen.
De Sam Ney a seng Co-Equipieren wellen et dest Joer besser maachen an wëssen wat de Schlessel zum Erfolleg ass.
CUT
E Samschdeg geet d'Rees fir de Racing elo op Diddeleng.
Den T71 huet no der Victoire zu Ettelbréck zolidd Confiance getankt an och de Frank Muller ass nees um Wee deen Aalen ze ginn.
CUT
No ville Joren an enger Equipe kennt et des Kéier och zum Duell géint de Christophe Laures dee jo um Racing méi Spillzäit kritt.
CUT
Anescht wéi beim Racing oder dem T71 rullt et op der Musel nach guer net.
D'Pikes hunn déi éischt 3 Matcher verluer an mussen e Sonndeg zu Walfer bei engem direkten Konkurrent am Tabellekeller wannen, de Jean Kox.
CUT
Let's Talk About Jingle
Bei den Dammen sinn och 3 Spilldeeg eriwwer an och hei ginn et mat Steesel, Diddeleng an Esch 3 Equipen mam Maximum vu 6 Punkten.
Ennenof ass den Opsteiger Wolz nach ouni Victoire, ma d'Equipe aus dem Norden vum Land huet sech dacks ganz laang gutt aus der Affaire gezunn.
D'Enttäuschung no der Néierlag géint de Gréngewald de leschte Weekend war ganz grouss, d'Amra Hasanovic.
CUT
Sproch vun der Woch Jingle
Bei de Musel Pikes leeft et nach net, wisou dat esou ass wollt och de Philippe Calmes vum Jean Kox wëssen, oder ëmgedréit.
CUT