Steesel gouf doheem vun de Gäscht direkt bei der Guergel geholl, a krut kaum nach Loft. No 24 Minutte war de Champion 29 Punkten hannen.
Op den Tribünen hunn déi 500 Leit hiren Aen net getraut.
Esch huet gespillt wéi aus engem Goss. Fir de Retourmatch rechent de Ben Kovac awer mat enger Reaktioun vun der Amicale.
CUT 1
Fir dës zweet Victoire brauche si erëm eng Kéier e Clancy Rugg a Superform. Vu 14 Essaien huet den Amerikaner 12 mol getraff. An dobäi och nach defensiv enorm geschafft.
CUT 2
Dem Clancy Rugg seng Performance huet och de Steeseler Pitt Koster impressionéiert.
CUT 3
Et war eng batter Defaite fir de Favorit, mee dien neie System vum" best of 5" kënnt hinnen e bëssen entgéint.
CUT 4
Den Heemvirdeel genotzt huet d’Etzella. An dat op eng impressionnant Manéier. Déi éischt Halschecht huet alles fonctionnéiert – wat déi 71 Punkten an der Paus beleeën.
Déi zweet 20 Minutten ass et du logescherweis e bësse méi lues gaangen. Mee grad dat kënnt e Feeler gewiescht sinn, mengt och de Capitaine Jairo Delgado.
CUT 5 Jairo
D’Musel Pikes goufen déi éischt Halschecht richteg virgefouert. Hellt een esou e Coup mat an deen 2. Match, hunn ech de Jean Kox gefrot.
CUT 6
Laang Zäit fir alles ze verschaffen huet keng Equipe. Esch géint Steesel ass e Sonndeg um 5 Auer, Musel Pikes géint Ettelbréck gëtt um 6 Auer ugepaff.
Let’s talk about
Fir den T71 Diddeleng ass d’Saison eriwwer. Si waren am decisive Match géint d‘Musel Pikes ganz no drun, mee e puer diskutabel Arbitteschdécisiounen hunn hinnen an de leschte Minutten entgéint gespillt. Natierlech huet dat zu e puer hëtzegen Diskussiounen nom Schlusspëff gefouert.
Mee gläich duerno an de Interview’en hunn si sech als faire Verléierer gewisen. Et goufe keng grave Uschëllegungen. Et goufe keng Protester, keng béiswëlleg Ënnerstellungen, keng laang Communiquée, weder vum President nach vun de Spiller.
Esou e Fair-play, esou eng sportlech exemplaresch Astellung verdéngt héchste Respekt. Bravo T71! Dir hutt e Match verluer, mee vill Sympathie gewonnen.
SPROCH VUN DER WOCH
De Spiller sot zum Arbiter:
“Hey, ref, check your voicemail! I think you've missed a few calls! “