Rebound (Radio)

Rebound, 13/10/2017


Listen Later

Bei den Hären sinn d’Amicale Steesel, d’Musel Pikes an de Basket Esch d’Gewënner vum 1. duebele Spilldag vun der Saison.

Déi 3 Equippen konnten nämlech hir 2 Matcher vum Weekend gewannen a stinn elo, zesumme mam Racing, un der Tabellespëtzt.

Den Opsteiger huet sech nämlech e Sonndeg zu Steesel fir d’éischt dës Saison misse geschloe ginn, huet sech awer exzellent gewiert.

Fir de Racing – Spiller Mathieu Gillardin, deen och selwer scho bei der Amicale aktiv war, wier géint de Favorit esouguer méi dra gewiescht.

D’Musel Pikes hunn zu Ettelbréck déi 1. Halschecht kloer dominéiert a louchen an der Paus 21 Punkte vir. Nom Téi sinn déi Miseler awer   nach eng Kéier béis un d’schweesse komm.

Den Ettelbrécker Gilles Polfer weess, wat bei der Etzella déi éischt 20 Minutten schif gelaf war, bleift awer optimistesch fir d’Zukunft.

De Miseler Laurent Schwartz op där anerer Säit ass, mat klengen Ofstrécher, relativ zefridden mat de Pikes hirem Saison – Optakt.

Bei den Dammen huet mam Champion Amicale Steesel nëmmen 1 Equippe déi 4 Matcher bis elo alleguer gewonnen.

Hannert deene Steeseler Meedercher si 4 Equippen mat jee 3 Victoiren punktgläich.

Eenzeg den Telstar Hesper konnt bis elo nach keng Partie gewannen.

LET’S TALK ABOUT

Zanter dem Ufank vun der Saison huet d’FLBB Problemer mat deenen neie Statistiken, déi vun der FIBA kommen.

Am Ufank hat ee gemengt, et wieren d’Veräiner, déi  Ulafschwieregkeeten mat deem neie System hätten.

Lo schéngt et éischter esou, wéi wann Problemer an der Software selwer wieren.

Deemno heescht et einfach nach e bësse Gedold hunn, iwwer kuerz oder laang wäert schonn erëm alles klappen.  

MAGIC NUMBER

De leschte Sonndeg huet d’Amicale géint de Racing am ganze Match grad emol 5 mol vun hanner der 3-Punktelinn getraff, an dat bei net manner wéi 35 Versich.

Trotzdeem huet Steesel sech mat 67 op 57 géint déi Stater duerchgesat. Dat war um Enn dann erëm positiv a léisst fir déi nächst Matcher hoffen.

Sou schlecht wäerten déi Steeseler wuel kaum nach eng Kéier vu baussen treffen.

SPROCH VUN DER WOCH

So emol Jeff, déi heiten Äntwert vum Steeseler Trainer Ken Diederich kann dach kaum fir dech gemënzt gewiescht sinn?….

Cut:

Has du dir dann eppes anescht erwaart?

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners