Jang ech mengen déi aner Veräiner hunn schonns nees e bëssen d'Flemm wann se Tabelle bei den Dammen an Häre kucken.
Op béide Plazen steet de Veräin vum President Frank Fischer nämlech ganz uewen an dominéiert de gréissten Deel vun de Matcher.
An och an der Coupe ass d'Amicale nach zwee mol dobäi, bei den Dammen zanter virgëschter souguer an der Halleffinalle.
De Veräin schéngt also och no de ville Succèsen aus de leschte Joren net sat ze sinn, ma d'Erwaardungen sinn awer däitlech geklomm an et gëtt et sech praktesch just nach mam Doublé zefridden, sou de Frank Fischer.
CUT
Bei den Dammen gouf et e Mëttwoch an der Coupe eng 80 op 63 Victoire géint den T71 Diddeleng an domat gouf och den Ticket fir d'Halleffinalen an der Coque gebucht.
Net mat dobäi ass de Gréngewald, dat no der knapper 67 op 72 Néierlag zu Ettelbréck, Tessy Hetting.
CUT
Am Championnat well de Gréngewald awer onbedéngt an der Playoff.
CUT
D'Etzella ass fir all Géigner op engem gudden Dag eng ganz onbequem Equipe.
En Dënschdeg hunn d'Spillerinnen ronderëm d'Jo Schreiner ee gudden Job gemaach.
CUT
Donieft huet Konter däitlech géint Walfer gewonn, an am Duell tëscht den zwou Nationale 2 Equipen, BC Mess a Wolz, konnten sech déi Wëltzer ganz däitlech behaapten, a stinn als Underdog an der Halleffinale.
Bei den Hären ass d'Coupe eréischt déi aner Woch, ma muer geet et virun am Championnat mam 13. Spilldag.
De Spëtzematch gëtt op der Musel tëscht de Pikes an der Etzella gespillt.
Sproch vun der Woch Jingle
Ech mengen d'Résidence Walfer gëtt Champion bei den Hären.
Wéi eng Pellen hëlls du dann? Also ech trauen hinne vill zou mä dat awer éischter net!
Ma zanter datt den Erny Gruskovnyak do ass leeft et besser an hien weess definitiv op wat et ukënnt.
CUT