D’Arena vun der Coque ass den Ettelbrécker hier léifste Spillplaz. 6 mol stounge si bis elo do an enger Coupe Finale, 6 mol hunn si dat sëlwert Dëppe mat heem geholl.
Derbäi kënnt, datt si an enger Bommeform sinn. Hier leschten Defaite geet op den 11. November zréck. Zanter hier hu si alles gewonnen. Esou wuel zu Steesel wéi och an eegener Hal hunn si sech géint d’Amicale behaapt. Dat gëtt dem Frédéric Gutenkauf déi néideg Confiance fir muer.
Cut a Fritz
D’Etzella ass net liicht auszerechnen. Si kënne méi wéi eng Tromp ausspillen.
Cut b Jairo
Vun all deene Statistiken loossen se sech zu Steesel net beandrocken.
De Pitt Koster op alle Fall net.
Cut c Pitt
Eng ähnlech Intensitéit, eng ähnlech Spannung wéi de leschte Sonndeg wier schonn eng flott Saach, hunn ech dem Steeseler Trainer Ken Diederich gesot:
Cut d Ken
Geet d’Coupe fir d’23. Kéier op Ettelbréck, oder bleift se eng weider Saison zu Steesel?
Eng Äntwert gëtt et muer vu ¼ op 8 un an der Arena vun der Coque. Och RTL Radio an d’Telee si live fir Iech derbäi.
Let’s talk about
Um hallwer 6 muer gëtt d’Coupe Finale bei den Dammen ugepaff. Scho virun 3 Joer haten Ettelbréck a Steesel sech an der Coque begéint. Deemools konnt d‘Etzella feieren.
Dëse Succès muer ze widderhuelen, schéngt extrem schwéier. Ettelbréck ass dës Saison nämlech net konstant genuch. Hiere Problem beschreift den Trainer Amadeo Dias esou:
CUT 1 Ama
D’Ana Petrova gesäit alles vill méi positiv
Cut 2 Petrova
Den Ettelbrécker Meedercher hiren Optimismus an Eieren, mee Steesel ass de grousse Favorit. Si dominéieren de Championnat, an hu fir déi decisif Phase erëm den Erfollegstrainer René Keiser reaktivéiert. An dee weess, wéi een eng Equipe richteg astellt.
SPROCH VUN DER WOCH
Dëst Joer ginn d’Finalen am Championnat nom System best op 5 gespillt. Wat dat bedeit, weess nach net jiddereen.
Duerfir hues du dem Jairo Delagado et mol erkläert
CUT