Rebound (Radio)

Rebound, 17/11/2017


Listen Later

Bis elo ass et eng ganz spannend Saison, wou bal kee Spilldag ouni Iwwerraschung iwwert d’Bühn gaangen ass.

Iwwerraschend ass et och, datt den Tabelle-Leader Basket Esch heescht. Wuel wousst een, datt si mam Transfert vum Clancy Rugg e gudde Grëff gemaach hätten. Mee ganz uewen hat ee si net erwaart.

Den Alex Rodenbourg a seng Coequipieren kucken déi Saach ganz realistesch.

Cut 1 Rodenbourg

Nëmmen 1 Punkt hannendrun läit den aktuelle Champion Steesel. D’Amicale huet zwar schonn zweemol verluer. De Rôle vum Titelfavorit hu si domat awer net verspillt.

Do gesäit et beim T71 Diddeleng a bei de Musel Pikes ganz anescht aus. No 4 Defaite  bleiwen éischt Diskussiounen net aus. Vu Panik wëllt de Miseler Trainer Frank Baum awer näischt wëssen

Cut 2 Baum

Eng 5. Platz an der Tabell ass fir den Diddelenger President Marcel Wagner keng Katastroph, an awer enttäuschend:

Cut 3 Wagner

D’Etzella ass mat der 4. Plaz zwar gutt an der Course, mee 3 Defaiten doheem weisen awer, datt nach net alles optimal leeft.

Bei der Sparta, zu Walfer an och zu Konter haten se sech méi versprach. Den neien Trainer vu Konter, de Frank Mériguet erwaart sech vun der Réckronn besser Resultater.

Cut 4 Mériguet

Déi 2 Opsteiger, de Racing an Hiefenech, stinn do wou een se erwaart hat. Hannen um Wupp.

Den Yves Bellwald vun Hiefenech wëllt awer elo mam neien Amerikaner  en neien Ulaf huelen.

Cut 5 Bellwald

Let’s talk about

Wann d’Total League wéinst der Nationalequipe eng kleng Paus mécht, esou geet bei den Dammen de Championnat awer weider.

Muer um hallwer 7 spille mat Steesel an de Musel Pikes déi zwee Haaptkonkurrenten géinteneen. Wien sech hei duerchsetzt , kënnt dir live bei eis op der Antenne vu Radio Lëtzebuerg suivéieren.

SPROCH VUN DER WOCH

De leschte Weekend haten déi 10 Equippen 103 Spiller um Bou stoen.  18 dovun koumen net an den Asaz.

Ech hunn ee vun hinne gefrot, ob dat him näischt géif ausmaachen, de Match just vun der Bänk aus ze kucken.

Nee, war d’Äntwert: Mir spillen ëmmer samschdes -  an do géif ech souwisou duschen.



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners