De Jang an der Vakanz, de Guy schoune mer, Franky dofir muss du haut dru gleewen an iwwer Basket matschwätzen.
De Ken Diederich wäert sech freeën, dee weess datt ech eppes dovu kennen.
Wa mer Zäit hunn erklären ech dir säi Sarkasmus emol, komm mir kucke lo op dat sportlecht.
Do steet de Playoff jo fest, a verschidden Equippen hunn genee dat gemaach wat vun hinnen erwaard gouf.
Sou zum Beispill eben d'Amicale Steesel als Titelverdeedeger an och d'Etzella.
De Basket Esch sengersäits ass vill méi staark wéi lescht Saison an huet och richteg iwwerzeegt.
De Programme ass hefteg an och déi nächst Wochen gi richteg ustrengend, sou de Steve Kuhlmann.
CUT
Mam T71 Diddeleng an der ganzer Experienz déi d'Equipe huet ass souwisou am Playoff ze rechnen.
An d'Musel Pikes hoffen lues awer sécher richteg an d'Gäng ze kommen.
Donieft kéint d'Sparta fir vill Equipen de Spillverdierwer ginn.
Richteg verduerwen ass d'Stëmmung awer zu Konter, well mam Playdown genee dat erausgesprongen ass wat een op kee Fall wollt.
Den Teammanager Francis Rollinger wollt sech d'Laun net verdierwe loossen, huet awer däitlech Wierder fonnt fir dat wat him net gefält.
CUT
D'Zieler fir des Saison goufen also fréizäiteg net areecht.
CUT
Nach méi schlecht gesäit et zu Hiefenech aus, d'Missioun fir an der Total League ze bleiwen gëtt richteg komplizéiert, de Charel Oly gleeft awer drun.
CUT
Let's Talk About Jingle
De nächste Weekend also dee leschte vum Mount Januar ass kuerz Paus am Championnat, well d'Coupe Halleffinallen um Programme stinn.
Bei den Dammen sinn et Partien Steesel géint Wolz aus der Nationale 2, an d'Etzella géint Konter.
Bei den Hären spillt den Titelverdeedeger Steesel géint d'Musel Pikes an d'Etzella géint Walfer.
Sproch vun der Woch Jingle
Wann de Laurent Schwartz vun de Musel Pikes emol seng Schong un de Nol gehaangen huet kennt hien bei eis schaffen.
D'Zesummenaarbecht mat eisem Shari de leschte Weekend huet schonns gutt geklappt.