Rebound (Radio)

Rebound, 19/05/2017


Listen Later

Et ass scho fir d’5. Kéier, datt d’Federatioun dem Nowuess en eegene Weekend reservéiert. Dat Konzept huet mëttlerweil richteg ageschloen.

Déi bescht Jugendequipen reesen an déi grouss Coque, an dat eleng ass schonn eng Satisfaktioun u sech. Wann dann nach d’Coupe gewonne gëtt, dann ass Basket dat schéinst wat et gëtt.

All déi Clibb, déi dëse Weekend op der Affiche stinn, sinn ze felicitéieren.
Bei de Meedercher sinn dat
Hiefenech géint d’Musel Pikes,
Walfer géint d’Musel Pikes
an Diddeleng géint Esch.

Bei de Jongen heeschen d’Finalen
Sparta géint Konter,
a zweemol Sparta géint Esch.

Dës Clibb maachen déi richteg Politik. Nämlech vun ënnen erop opbauen. Dat ass net einfach. Dat war bei der Sparta och net ëmmer esou. Mee si hunn ëmgeduecht. Fir de President Fränk Arendt ass dat dien eenzege richtege Wee.

CUT 1

Dat alles kascht Suen. Suen, déi awer gutt ugeluecht sinn, mengt de Fränk Arendt:

CUT 2

De beschten Trainer gehéiert bei d’Jugend, gëtt dacks gesot. Et si mëttlerweil eng Rei Clibb, déi dat erkannt hunn.
D’Sparta ass een dovun, an dës Aarbecht dréit schonn éischt Friichten. An der 1. Equipe sti 7 Spiller, déi manner wéi 20 Joer hunn. Hinne gehéiert d’Zukunft, wann een se zesummen hale kann:

CUT 4


Ob vu Bartreng, vun Esch oder  vun anere Veräiner, kommt muer an e Sonndeg an d’Coque. Et ass eppes lass, um Terrain, ma och ronderëm.
Den Entrée ass gratis.

Derbäi kënnt, datt muer den Owend eis Nationalequipe e Virbereedungsmatch op d’Spiller vun de Klenge Länner spillt. Géigner ass Irland.

SPROCH VUN DER WOCH

D’Spiller ware schonn eng Zäit am Gaang sech waarm ze maachen. Du soten 2 Stéck zum Trainer:  

Gi mir virum Match net nach eng Kéier an de Vestiaire fir eis Strategie ze beschwätzen?

Dat huet kee Wäert, sot de Coach. Dir zwee wësst jo, wat ze maachen ass. Déi aner verstinn et souwisou net.

Nimm soe mir hei keng. Wann dir awer virum Match net an de Vestiaire gaange sidd, dann iwwerleet mol, zu wat fir engem Grupp dir gehéiert hutt.




...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners