Am Basket steet d’Welt e bëssen op der Kopp. Déi grouss Favoritten hunn alleguer schonn e Match verluer. De Basket Esch ass esou guer schonn zweemol ënnert d’Rieder komm.
Souverän war bis elo eenzeg an eleng de Stader Racing. Si hunn doheem den Escher keng Chance gelooss. An de leschte Weekend konnt den T71 hiren Elan och net bremsen.
Trotz dësem Laf bleift de Christophe Laures mat béide Féiss um Buedem.
CUT 1 Laures
Wéi Recht hien huet, krut de Racing dës Woch an der Coupe ze spieren.
Fir déi Stader koum beim BC Mess aus der Nationale 2 den Out.
Am Championnat steet muer e ganz interessante Klassiker um Programm. Steesel géint Diddeleng ass a bleift e Spëtzematch.
Allebéid hunn se de leschte Weekend verluer, allebéid waren se offensiv schwaach. Duerfir wëllen se et muer och allebéid besser maachen.
Den Tom Schumacher vun Diddeleng :
CUT 2 Tom
Och fir de Steeseler Capitaine Pitt Koster soll et muer en anere Match ginn.
CUT 3 Pitt
Magic Number
Um 4. Spilldag si gläich 4 nei Profi’en ugetrueden.
Walfer steet ganz ënnen um Wupp vun der Tabell. Dat krut den Trevor Setty ze spieren. Hie gouf duerch de Maurius Hill ersat. Wat resultatsméisseg awer nach keng Verbesserung bruecht huet.
Och d’Sparta huet reagéiert. Fir den Jeremiah Gray huet de leschte Weekend den Adrian Rodgers gespillt. Mee zu Bartreng sinn se virsiichteg. De Gray ass nach do, fir de Fall wou. Well dee war am Fong net esou schlecht, mengt den Dean Gindt:
CUT Dean
Tabula rasa hunn se an der Fiels gemaach. 2 Stéck sinn heem. Dien een aus private Grënn, deen aneren wéinst enger Blessure. Zwee Neier si komm. Dat mécht hier Situatioun am Moment net méi einfach.
Let’s talk about
D’FLBB stécht finanziell a gudden Dicher. Bei engem Budget vun 1,3 Milliounen blouf um Enn e Boni. An dovu profitéieren an éischter Linn d’Elteren vun de Spiller aus de Jugendkaderen. Si mussen an Zukunft net méi bis zu 30.000.- Euro bei den Déplacement bäileeën.
Ma och deene leschte 4 Clibb vun der Coupe huet de Vize-President Romain Hoffmann eppes versprach:
CUT 4
SPROCH vun der WOCH
De Ball muss an de Kuerf. Dat geléngt net ëmmer.
Een Trainer huet hire Problem esou beschriwwen:
Ech mengen, wa mir aus engem Boot géife falen, mir géifen emol d’Waasser net geroden!