Rebound (Radio)

Rebound, 22/02/2019


Listen Later

Der Etzella ass déi 1. Plaz an domat déi direkt Qualifikatioun fir d’Hallef-finalen net méi ze huelen. Déi 3 Spilldeeg, déi nach bleiwen, sinn awer e gudden Test op dat, wat duerno kënnt, seet den Dominique Benseghir.

Cut 1

Fir de Géigner vun e Sonndeg, fir d’Amicale ass et méi wéi een Test. Si hu just nach 1 Punkt Retard op déi 2. Plaz.  Do ass nach eppes ze maachen.
Interessant ass de Match awer och, well Steesel mam 2,03 m grousse Phil Henri en neien Amerikaner presentéiert.

De Basket Esch kritt doheem Besuch vum T71 Diddeleng . Wann déi Escher hier 2. Plaz wëllen consolidéieren, da muss eng Victoire hier. Dat gëtt awer net einfach, well den T71 huet de leschte Weekend gewisen, datt si gutt a Form sinn. Och wann den Eric Jeitz  déi 2. Plaz schonn opginn huet.

Cut 2

Muer den Owend fréi spille mam Racing géint d’Sparta zwou Equippe géinteneen, deenen et u Konstanz feelt. An deenen ee kaum Chancen op d’Hallef-finalen gëtt.

Ganz interessant  ass et och an der Relegatioun. No 2 Defaitten mussen d’Musel Pikes erëm zidderen. Walfer dergéint  kann no 2 Victoire erëm hoffen.
Hoffen, datt si d‘nächst Joer erëm uewe kënne matspillen dat maachen se och zu Hiefenech.
Hier Victoire zu Konter koum  iwwerraschend, den Erfolleg de leschte Weekend am Derby géint d’Fiels huet der Equipe ronderëm de Capitaine Joel Thesen nach weider Opdriw ginn.

Cut 3

Hei bleiwen nach 12 Matcher ze spillen. An och wa Konter allgemeng als sécheren Opsteiger gehandelt gëtt, esou ass hannendrun fir Hiefenech, Zolwer an Hesper nach alles méiglech.

Lets talk about

Den Damme-Championnat gëtt bis elo vu T7 dominéiert. Eng eenzeg Defaite an 19 Matcher ënnersträicht dat.
Op der 2. Plaz steet d’Amicale Steesel. Liz Schmitz a Co. si wäit ewech dervun, d’Verdeedegung vum Titel opginn ze hunn.
Muer den Owend um hallwer 7 kënne si dat beweisen, wa si zu Diddeleng untrieden.

Net ënnerschätzen sollt een de Gréngewald. No 5 Victoiren en Serie muss een si eescht huelen.

Magic Number

44 Basketsmatcher an engem Dag, dat gëtt et e Sonndeg zu Diddeleng bei der Journée Nationale du Basket.

Vu Moies 9 bis Nomëttes 4 Auer weisen hei déi jonk Basketbegeeschtert, wat si kënnen.  An dat an enger flotter Atmosphäre, wou de Spaass um Basket nach eng richteg Plaz huet.

Sproch vun der Woch

Wann een an d’Nationale 2 ofsteigt, ass een automatesch och e bëssen aus de Medien verschwonnen.
Nom Match keen Interview mussen ze ginn, huet awer och seng Virdeeler, wéi de Raoul Birebam dem Shari Schenten erkläert huet:

Cut 4

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners