Rebound (Radio)

Rebound, 23/02/2018


Listen Later

Bei den Hären ass am Titel – Playoff och dëse Weekend nach Paus, an dat wéinst dem Lännermatch vu gëscht géint Zypern.

Am Playdown, grad wéi och iwwerall bei den Dammen geet et wieder, respektiv ass et d’Reprise nom Fuesbreak.

SPOTLIGHT

Gëscht virun 8 Deeg ass de Carlo Meintz am Alter vu 84 Joer gestuerwen.

De Carlo Meintz war net nëmmen als Politiker eng bekannt Perséinlechkeet, mä hie war och am Basket ganz aktiv.

Bei der Résidence Walfer a besonnesch als laangjärege President vun der FLBB huet hien sech an der Basketfamill vill Frënn gemaach.

De Carlo Meintz ass awer och esou eppes wéi de Papp vum REBOUND bei RTL.

Hien war et nämlech, deen den Ustouss zu dëser Emissioun ginn huet, déi duerno hire Wee gemaach huet, fir d’éischt um Radio, an duerno och op der Telé.

Dowéinst, awer besonnesch och wéinst senger Kompetenz, senger Jovialitéit a senger Gentillesse wäerte mir de Carlo Meintz ni vergiessen.

LET’S TALK ABOUT

Déi Lëtzebuerger Hären – Nationalequipe huet gëscht Owend am Kader vun der EM - Prequalifikatioun an der Coque géint Zypern gespillt a mat 53 op 67 verluer.

Déi plakeg Zuelen weisen et direkt, wou de Problem louch. D’Defense war am grousse Ganzen ok, an der Attaque huet et dogéint net gedréint.

Dëse Match war dann och dee leschten am Dress vun der Nationalequipe fir den Tom Schumacher vum T71.

Den Diddelenger hat sech fir den Ofschloss vu senger internationaler Carrière sécher méi erhofft.

Cut 1:

An all deene Joren gouf et natierlech Héichten an Déiften. Den Tom Schumacher behält awer besonnesch 2 ‘‘Highlights‘‘ a beschter Erënnerung ….

Cut 2:  

SPROCH VUN DER WOCH

De leschte Sonndeg koum et um Futtball zu Rouspert nom Match zu villen Diskussiounen iwwer d’Leeschtung vun der Lokalequipe.

Schold war, wéi dacks an esou Fäll, fir déi meescht Supporter natierlech den Trainer.

De President vum Hiefenecher Basket, deen och um Match war, huet op eemol gemengt:

Sou, elo hunn ech den Trainer erausgehäit.

Ech war paff an hu gefrot:

Wéi, äre Basketstrainer?

Nee, sot hien, deene Rousperter hiren Trainer, eisen däerf ech jo net erausgeheien.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners