Bei den Hären kommen fir déi 6. Plaz nach d'Musel Pikes an d'Sparta a Fro.
Virum leschte Spilldag hunn déi Miseler 1 Punkt Avance an domat alles an eegener Hand, allerdéngs waarden mat Steesel an Diddeleng op béid Konkurrenten staark Géigner.
Fir den RTL Expert Ken Diederich gesäit et gutt aus fir d'Musel Pikes.
CUT
D'Sparta hat de leschte Weekend mat der Néierlag zu Esch déi gutt Ausgangspositioun verspillt.
Iwwerraschend stoung no laanger Zäit och nees de Pit Hoffmann am Kader.
CUT
Fir d'Sparta gëtt et keng aner Méiglechkeet wéi den T71 doheem ze klappen.
CUT
Ma och d'Musel Pikes wëllen näischt dem Zoufall iwwerloossen an sech op eng Diddelenger Victoire verloossen, vill méi soll géint Steesel alles selwer kloer gemaach ginn, sou den Tom Welter.
CUT
Dobäi kennt nach datt den T71 a Steesel sech em déi drëtte Plaz streiden déi net ganz oninteressant fir de Playoff ass an deemno och alles dru setzen fir hir Matcher ze wannen.
Let's Talk About Jingle
Och bei den Dammen dominéiert de Kampf em déi 6. Plaz.
Et kéint souguer sinn datt nom leschte Spilldag de Gréngewald, Esch an d'Etzella punktgläich sinn.
An dësem Fall géif d'Etzella als 7. eidel ausgoen.
Déi Ettelbrécker mussen also egal wéi géint Konter wannen an hoffen datt de Basket Esch um Gréngewald verléiert.
Sproch vun der Woch Jingle
De Pit Hoffmann hat op d'Fro ob hien och géint Diddeleng am Kader wier eng kloer Äntwert.
CUT