Déi jonk Diddelenger Meedercher hate sech vill virgeholl. Op d’mannst eng 3. Finale wollten si eraus huelen.
Dat war hinnen och bal gegléckt. 200 Sekonne viru Schluss waren si 70 – 61 vir. Du huet d’Amicale awer hier ganz Experienz a Routine genotzt fir mat engem 12 - 1 Finish den Titel erëm mat heem ze huelen.
D’Michèle Orban vun Diddeleng war enttäuscht. Wann een esou no drun ass, da gëtt et keng Excuse.
CUT 1 Orban
Genee wéi bei den Hären huet Steesel och bei den Dammen den
Doublé perfekt gemaach. Fir de President Frank Fischer war et awer en haart Steck Aarbecht:
CUT 2 Fischer
Vill Zäit fir ze feieren bleift net, well déi nei Saison muss geplangt ginn. An do waart vill Aarbecht op déi Reponsabel. Nom Trainer Ken Diederich verloossen elo och de Samy Picard an de Billy Mc Daniel de Champion.
De Samy Picard wëllt sech mat 29 Joer berufflech verbesseren
Cut 3 Samy
De Billy Mc Daniel kritt e Méindeg seng 34 Joer. Fir hien ass dat de Moment, fir méi lues ze trëppelen. An der Nationale 2 beim Club vu Mamer wëllt hien awer nach seng ganz Experienz mat abréngen.
Wéi gesinn dem Bobby Melcher seng Pläng aus? Sollt hien – wéi geschwat gëtt – an d’Ausland wiesselen, da steet Steesel awer zimlech plakeg do.
All ze schwaarz soll een awer net gesinn, mengt de President :
CUT 4 Frank Fischer
Wou dee Wee hi féiert, dat kucke mir dann.
Let’s talk about
An de leschte Joeren war de Summer ëmmer d’Zäit vum Streetball. Spill a Spaass ware garantéiert.
Dat bleift och esou, gëtt allerdéngs ëmmer méi offiziel. D’FLBB organiséiert dëst Joer schonn déi 4. Editioun vun den 3 x 3 „Luxembourg Championships“.
De 7. Juli ginn op der „Place de l’Académie zu Esch/Belval“ d’Championen an de verschiddenen Alterskategorie gesicht.
Wann dir Loscht op e flotte Basketballdag hutt, dann notéiert Iech de Samsdeg, 7. Juli. E Formulaire fir Iech unzemellen, fannt dir um Site vun der FLBB.
SPROCH VUN DER WOCH
Ob Steesel dat nächst Joer erëm däerf feieren, dat steet nach an de Stären.
Wat awer sécher ass: mam Shari Schenten zesummen prost hien net op en Titel:
Cut 5 Sproch