Rebound (Radio)

Rebound, 26/01/2018


Listen Later

USO:
Am Basket sinn et dëse Weekend d’Halleffinallen vun der Coupe de Luxembourg.
Alles wat dir nach vun dësen Halleffinalle musst wëssen, soen iech elo de Rich Simon an de Guy Seyler am Rebound.


Wa muer um ¼ vir 6 déi 1. Hallef-finale ugepaff gëtt, da sinn d’Meedercher vu Steesel klore Favorit géint den Outsider vu Wolz.
Den ongeschloenen Tabelle-Leader aus der Nationale 2 kritt zwar e Bonus vun 10 Punkten, mee dat wäert géint den Doublé-Gewënner kaum duergoen fir eng Iwwerraschung.
Dat weess d’Amra Hasanovic vu Woltz och.
CUT 1 Amra
An der 2. Hallef-finale e Sonndeg ass Konter liichte Favorit géint d’Etzella. Den Ettelbrécker Trainer Amadeo Dias ass sech dees och bewosst.
CUT 2 Amadeo
Och d’Annick Neiertz reest mat gemëschte Gefiller an d’Coque:
CUT 3 Annick
Bei den Häre steet muer mat der Hallef-Finale tëschent der Amicale Steesel an de Musel Pikes e richtege Spëtzematch um Programm. Béid Equipe kennen sech auswenneg.
Nodeems dësen Duell bal ëmmer zu Gonschte vun der Amicale ausgaangen ass, hofft de Miseler Capitaine Laurent Schwartz,, datt et muer vläicht emol eng Kéier un hinnen ass.
CUT 4 Laurent
De Miseler Trainer Frank Baum gesäit seng Equipe dann och an der Roll vum Underdog.
CUT 5 Baum
Net esou ausgeglach gesäit et e Sonndeg aus. Eng Defaite vun der Etzella géint Walfer wier schonn eng Iwwerraschung. Eng Qualifikatioun fir d’Finale wier fir de Jairo Delgado dergéint en Exploit.
CUT 6 Jairo

Let’s talk about
De Programm vun der Tëscheronn ass eraus. Vu datt et keng Retourmatcher ginn, war net gewosst, wie géint wien doheem spillen däerf.
Ech hat e Samsdeg de Paul Schulté, directeur technique vun Esch gefrot, gouf do awer net méi schlau.
CUT 7 Paul
Steesel als Tabellenéischte muss auswäerts beim 2. vun Ettelbréck untrieden. Bei der Amicale fannen se dat net logesch.
Mee wéi déi nei Formule gestëmmt ginn ass, hate mir hei schonn dorop higewisen, datt dat zu engem Mëssel géif féieren. Deemools war dat awer jidderengem egal.
Wann elo fir d’Hallef-Finalen déi 2 Bescht eng Zwangspaus vun 18 Deeg kréien, da sinn déi nächst Diskussiounen méi wéi secher.  
 
SPROCH VUN DER WOCH
Wann d’Clibb e Profispiller oder eng Profispillerin engagéieren, da leeft dat iwwer en Agent. Wéi d’Etzella elo eng nei Amerikanerin fir hier Dammenequipe gesicht huet, du huet hiren Agent et ganz gutt mat hinne gemengt.

Wéi mengs du dat ?

Hien huet hinne e puer Kilo méi geliwwert, wéi si bestallt haten !

Elo bass du awer ganz béiss!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners