Am Basket ass et hei zu Lëtzebuerg momentan eng Grimmel méi roueg. Just hanner de Kulissen gëtt nach vill geschafft, wat Transfert’en ugeet.
D’Enn vum Championnat ass awer net fir all Lëtzebuerger Basketspiller gläichbedeitend mat Vakanz.
Virun allem net fir d’Nationalspillerinnen a –spiller. Déi preparéieren nämlech den Ament intensiv d’Spiller vun de klenge Länner, déi vun e Méindeg un a San Marino iwwer d’Bühn ginn.
Wéi schätzt den FLBB – President Henri Pleimling dann d’Chancen vun eisen Equippen zu San Marino an?...
Cut 1:
Bei den Hären sinn Donnéeën duerch d’Participatioun vu Montenegro e bëssen anescht ….
Cut 2:
Am Verglach mat der EM – Campagne bei den Hären de leschte Summer gesäit den Henri Pleimling schonn Differenzen ….
Cut 3:
MAGIC NUMBER
De leschte Weekend waren am Gymnase vun der Coque déi 6 Finalen an de Jugend – Coupen.
D’Sparta an de Basket Esch ware gläich 3 mol vertrueden, d’Musel Pikes 2 mol, an nach je 1 mol Hiefenech, Konter, den T71 a Walfer.
D’Sparta konnt hir 3 Finallen alleguer gewannen, de Basket Esch dogéint ass 3 mol eidel ausgaangen.
Déi aner 3 Victoiren ware fir Hiefenech, d’Musel Pikes an den T71.
SPROCH VUN DER WOCH
Jeff, weess du dass den ëëëë…., wéi heescht en da scho méi, du kenns en och, egal, dass deen Éieremember beim IVV gëtt.
''Tiens'', mécht deen esou vill Wanderunge mat?
Jo, jo, hie wandert vun engem Veräin bei deen aneren.