Etzella Ettelbréck géint Amicale Steesel.
Oder déi zwou bescht Equipen des Saison.
Sou kéint een dat Ganzt ëmschreiwen.
Béid Equipen hunn den Ticket fir d'Finale definitiv verdéngt.
Et bleift just ze hoffen datt se e bëssen besser spillen wéi an der Coupe Finale.
D'Amicale huet sech gesteigert, no engem schwieregen Optakt an d'Serie géint Esch huet d'Equipe vum Trainer Ken Diederich virun allem am leschte Match iwwerzeegt.
CUT
Virun allem vun der 3 Punktelinn huet d'Amicale des Saison dacks deeër gudder Deeg.
CUT
D'Etzella well a muss aus der Néierlag an der Coupe Finale geléiert hunn, a punkto Experienz mëscht bal keen der Amicale eppes vir.
CUT
Déi Ettelbrécker sinn extrem hongereg endlech nees en Titel ze wannen, de Jairo Delgado.
CUT
De Jairo Delgado ass och der Meenung datt et der Etzella an d'Kaarte spillt datt et net just op ee Match ukënnt, mä eben eng Best of Five Serie virun der Dier steet.
CUT
Déi éischt Finale ass e Sonndeg um véirel op 5 zu Ettelbréck.
Let's Talk About Jingle
Bei den Dammen ass dese Weekend de leschte Spilldag vum Playoff.
Déi 4 Equipen vum Final 4 kenne mer schonns, Steesel, d'Musel Pikes, den T71 an Konter sinn dobäi.
Sproch vun der Woch Jingle
D'Amicale Steesel huet no engem 0-1 Reckstand, 3 mol hannerteneen géint Esch gewonn an esou freizäiteg de Saack zougemaach.
D'Equipe vum Trainer Ken Diederich hätt e Mëttwoch souwisou keng Zäit fir ee 5. Match gehat.
CUT