Streetball war an den 90er Joeren "in". Zu Lëtzebuerg hat den T71 Diddeleng dee neien Trend agefouert. An dat mat groussem Succès.
Wat deemools eng Jugendkultur war, wou ënner fräiem Himmel Sport mat Rap a mat Hip-Hop verbonne gouf, huet sech entretemps international etabléiert.
D’FIBA huet deem Ganzen e Konzept ginn, mat klore Regelen. Bei de "European Games" zu Baku steet den 3 x 3 Basket fest um Programm. Dat soll awer nëmmen een éischte Schratt sinn. Eng Participatioun bei den Olympesche Spiller 2020 zu Tokio gëtt ugestrieft.
D’FLBB, déi Lëtzebuerger Basket-Federatioun, kann a wëllt dësen Zuch net verpassen. Duerfir steet an engem Mount dës nei Trendsportaart zu Walfer grouss am Mëttelpunkt.
Am Rebound vun haut hunn de Jang Mathes an de Guy Seyler weider Detailer.