Wann déi meescht Lëtzebuerger hier Ouschtereeër an der Vakanz sichen, kommen d’Basketspiller an déi décisiv Phase.
D’Musel Pikes sinn de Finalist vun de leschten 2 Joer. Dës Saison stinn d’Zeechen net esou gutt. Vun 23 Matcher hu si der just 12 gewonnen. Zwee dovun allerdéngs géint de Géigner vun haut den Owend.
Déi Serie wëllt de Jean Kox viru féieren.
CUT 1 Jean KOX
Fir den Tom Schumacher sinn déi zwou Defaitten kale Kaffi. Hie gesäit den T71 an der Favoritteroll.
CUT 2 Schumi
Déi aner Véirelsfinale tëschent dem Basket Esch an der Sparta vu Bartreng gëtt muer den Owend um hallwer 9 ugepaff. De Basket Esch huet Heemvirdeel, an dat ass fir den Alex Rodenbourg e groussen Avantage.
CUT 3 Rodenbourg
Fir datt et en anere Wee geet, muss Bartreng awer schonn iwwert sech eraus wuessen. De Philippe Arendt gesäit awer eng kleng Chance.
CUT 4 Arendt
Vum Vakanz ass nach keng Ried. D’Retourmatcher sinn den nächste Mëttwoch. A wann en 3. Match néideg ass, da gëtt deen den nächste Samsdeg gespillt. Dann erëm zu Diddeleng an zu Esch.
Et kann awer och sinn, datt e Mëttwoch schonn décidéiert ass, wien Mëttwochs drop, den 11. Abrëll d’Hallef-finalen géint Ettelbréck a géint Steesel spillt.
Magic NUMBER
Hiefenech spillt déi nächst Saison erëm an der Nationale 2. Dee Verdikt ass schonn definitiv gefall.
An der Total League hunn si – esou schéngt et - ëmmer nëmmen eng Openthaltsgenehmegung fir 1 Joer.
2007 huet de 4-fache Champion no 20 Joer an der héchster Divisioun de battere Wee an d’Nationale 2 missten untrieden. Zanter hier geet et monter op an of.
5 Mol sinn si duerno schonn erëm opgestigen. Genee esou dacks sinn si och ëmmer erëm eraus gefall. Ze gutt fir ënnen, ze schwaach fir uewen.
Ze hoffe bleift, datt de Comité net de Courage verléiert.
SPROCH VUN DER WOCH
Wéi muss ee spillen, fir ze gewannen? Den Alex Rodenbourg huet dem Shari Schenten et an kuerze Wierder erkläert.
CUT 5 Alex