Et sinn wuel déi aktuell zwou stäerksten Equipen déi géinteneen untrieden.
Déi Ettelbrécker hunn 1 Punkt Avance an der Tabell an sinn virun eegenem Public och liichte Favorit.
Déi Escher probéieren sech keen Drock ze maachen well si all Match selwecht ugesinn, de Joe Biever.
CUT
Déi lescht Joren waren och d'Musel Pikes uewen dobäi.
Des Saison geet nach net alt ze vill zesummen, an och zu Diddeleng gouf et eng däitlech Néierlag wou d'Käpp séier no ënnen gaangen sinn, de Laurent Schwartz.
Let's Talk About Jingle
En Dënschden koum jo och d'Nouvelle datt de Max Hengel als President bei de Pikes zeréck getrueden ass.
Aus zäitlechen an deontologesche Grënn, den Hengel ass Buergermeeschter vun Wuermer, ass et net méiglech virun ze fueren.
De Max Hengel war 7 Joer un der Spëtzt vun de Pikes.
Spotlight Jingle
Bei den Dammen marschéiert den Ament eng Equipe vir ewech.
Den T71 Diddeleng huet am Championnat bis elo een 10 vun 10, den President Marcel Wagener.
CUT
Automatesch gëtt een elo an eng Favoritteroll gedréckt wou den Drock och wäert klammen.
CUT
De Marcel Wagner mëscht zanter Joren kee Geheimnis draus datt hien zwou Amerikanerinnen eng ze vill fënnt an gesäit den aktuellen Erfolleg an der Jugendaarbecht.
CUT
An der Coupe de Luxembourg huet den T71 dogéint seng eenzeg Néierlag kasséiert, dat beim Out auswäerts géint de Gréngewald.