Esou lues awer sécher gëtt et spannend wat den Titel Play-Off ugeet. Op de Plaze 6 a 7 stinn den Ament Bartreng an d'Musel Pikes. Béid Equippen hunn de leschte Weekend géinteneen gespillt. Mam besseren Ausgang fir dem Laurent Schwarz seng Miseler Equipe.
Cut Laurent Schwarz
D'Résidence huet den Ament 2 Punkte Retard op Bartreng respektiv d'Musel Pikes. Bei engem Succès vun deene Miseler géif et fir dem Laurent Schwarz seng Equipe gutt ausgesinn fir an den Titel Play-Off ze kommen.
Cut Laurent Schwarz
Déi Bartrenger mussen an der Fiels untrieden. Dat klengt relativ einfach. Den Opsteiger ass an eegener Hal awer sécherlech net ze ënnerschätzen. De Xavier Engel a seng Matspiller däerfe sech kee Faux Pas erlaben. Dat kéint nämlech en vue vum Titel Play Off wéi doen.
Cut Xavier Engel
Obwuel de Racing nach ëmmer d'Iwwerraschungsequipe ass, schéngt et awer wéi wann déi Stader sech géint déi sois-disons grouss Equippen dach schwéier dinn. Muer kommen déi Diddelenger bei de Racing. De Sam Ney kuck där Partie awer éischter relax entgéint.
Cut Sam Ney
Bei 6 Spilldeeg déi an der normaler Ronn nach ze spille bleiwe, sinn déi Escher praktesch sécher am Titel Play-Off. Lo kënnen de Joé Biver a seng Matspiller sech schonns positionéieren wat den Titel Play-Off ugeet.
Cut Joé Biver
Muer spillen déi Escher beim Champion Steesel.
Déi eenzeg Partie déi um Sonndeg gespillt gëtt ass Ettelbréck géint d'Kordall Steelers.