Rebound (Radio)

Rebound: Etzella an der Final, 20/04/2018


Listen Later

Zënter gëscht Owend steet mat der Etzella deen 1. Finalist bei den Häre fest.
No enger op en Neits ganz starker Leeschtung hunn déi Ettelbrécker d’Musel Pikes mat 119 op 103 geklappt.
Domat huet d’Equipe vum Kresimir Basic schon am 3. Match vun der ‘‘best of five‘‘ – Série de Sak zougemaach an hir Favoriteroll ënnerstrach.
A kenger vun deenen 3 Partien an der Halwerfinale haten d’Musel Pikes eng réell Chance. Trotzdeem huet de Miseler President Max Hengel en insgesamt positive Bilan vun der Saison gezunn, wann och  mat Ofstricher ….
 Cut 1:
Den Ettelbrécker Capitaine Jairo Delgado gesäit fir séng Equipe e Vitrdeel doran, dass et an der Titel – Finale méi Matcher gëtt wéi an der Coupe – Finale ….
Cut 2:
Op de Finale – Géigner muss d’Etzella nach warden, well an där anerer Halleffinale nach näischt decidéiert ass.
Wuel huet den Titelverdeedeger Amicale hei deen 3. Match e Mëttwoch mat 82 op 79 géint de Basket Esch gewonn a féiert elo an der Série mat 2: 1.
Den Escher Alex Rodenbourg wousst no der knapper Defaite kloer, wourun et louch an hie wousst och schon, wat e Samschdeg an der 4. Partie besser muss klappen ….
Cut 3:
De Samy Picard vun der Amicale ass sech bewosst, dass een an deene puer Deeg tëschent de Matcher net méi ganz vill ka maachen, an awer ….
Cut 4:
Déi 4. Partie an dëser Série ass also muer den Owend, dës Kéier zu Esch. Emol ofwarden, ob dat déi decisiv ass, oder ob e 5. Match d’Entscheedung muss bréngen.
SPOTLIGHT
D’Damme spille jo, am Géigesaz zu den Hären, den Titel nom ale Systeem aus.
2 Spilldeeg virum Enn vum Titel – Playoff sinn hei zwar déi 4 Hallefinalisten bekannt, gewousst sinn awer nach net all Platzéierungen.
Just den Titelverdeedeger Amicale Steesel huet déi 1. Plaz sécher. Hannendrun streiden sech awer nach d’Musel Pikes, den T71 a Konter ëm d’Plazen 2 bis 4.
Déi beschte Chancen op déi 2. Plaz schéngen den Ament d’Pikes ze hunn, Konter huet do wuel déi schlechste Karten.
Hei kéint sech muer den Owend an der Partie Pikes géint Konter scho villes decidéieren.
MAGIC NUMBER
Eise ‘‘MAGIC NUMBER‘‘ ass haut d’Zuel 9.
9 Saison’en huet den Denell Stephens fir den T71 Diddeleng gespillt, elo ass Schluss.
Dat huet den T71 – Comité dem ‘‘Nelly‘‘, dee scho bal zum Diddelenger Inventaire gehéiert huet, dës Woch matgedeelt.
den Denell Stephens wëll awer onbedéngt zu Lëtzebuerg bleiwen an hei och weider Basket spillen. ‘‘Avis aux amateurs!‘‘
SPROCH VUN DER WOCH

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners