Zait fir d'Econoews mat den Zensen am Mettelpunkt..de Claude Arendt ass beim Franz Aulner
An elo ? Ass nach ëmmer näischt kloer op den Zënsen. Domat gëtt de Job vun der amerikanescher Zentralbank keng Grimmel méi einfach.
Also jiddefalls waren d’Chiffere vum Aarbechtsmaart um Karfreiden net wierklech sou, dat een elo well kënnt drop hoffen, dat d’Fed endlech mol eng Paus mëscht. Well bis ewell sinn an de leschten 9 Reuniounen zanter Mäerz 2022 all Kéier de Leetzëns ugepasst ginn. An de Maart spekuléiert nach ëmmer drop, dat et da bei der nächster FOMC-Reunioun den 2. an 3. Mäi, dann zu enger 10. Hausse hannerenaner kënnt.
Du hues Zuele vum Aarbechtsmaart ugeschwat. Zanter Ufank vum Joer sinn déi Zuelen awer ëmmer méi schwaach ginn. Dat kann drop hindéiten, dat d’Fed der Ekonomie mat hiren Zënshaussen awer wéi deet.
Am Mäerz sinn an Amerika 236.000 Aarbechtsplazen nei besat ginn. No 472.000 am Januar an 326.000 am Februar. Den Taux vum Chômage ass bei 3.5% an duerchschnëttleche Stonneloun klëmmt 0.30% an domat annualiséiert an den éischten 3 Méint vum Joer 3.8%. Dat waren elo keng extra staark Zuelen, eigentlech Zuele wou och sou erwaart waren. Awer se weise weiderhin, dat d’Fed warscheinlech nach net ganz fäerdeg ass mat hirer restriktiver Geldpolitik.
Wat kann dann nach kommen um Leetzëns?
Den Ament geet de Maart vun engem véierels Prozent am Mäi aus. Da wiere mer bei 5.00 bis 5.25% Dat kann duerchaus realistesch sinn. Virun engem Joer war de Leetzëns bei 0.50%. Realistesch wëll d’Banken an Amerika, no der Kris bei der Silicon Valley Bank, anscheinend mat béide Féiss op d’Brems gespronge si wann et ëm nei Kreditter gaangen ass. D’Fed huet do fir déi zwou lëscht Wochen am Mäerz e Réckgang vun 105 Milliarden ausgerechent. Dat hëlleft hir natierlech och fir eppes Loft aus der Ekonomie ze loosen.
An elo kommen dann och erëm dës Woch Zuele vun der Inflatioun.
De CPI war am Februar +0.4%an am „core“ 0.50%. Elo fir de Mäerz ass de Konsens bei den Analysten op béiden e Réckgang vun 0.1%. Muer wëssen mer méi. D’Fed ass also warscheinlech dann awer geschwënn fäerdeg a muss dann e puer Méint kucken op d’Medezin uschléit. Oder op Dosis dann awer ze heeg war an nach muss virum Enn vum Joer muss ajustéiert ginn. Dat heescht dann näischt anescht wéi dat Zënse mussen erof goen. Et bleift also egal wéi spannend.
Op der Bourse konnten se eréischt gëschter reagéieren. Well um Karfreiden gëtt net gehandelt.
Se woussten net direkt wéi se sollten dorop reagéieren. Den Ufank vun der Seance war eppes méi schwaach, an Nomëtten hunn sech d’Couren dunn awer erëm erholl.
Um Enn war et eng Seance ouni grouss Changementer: plus 0.10% op dem S&P500 a minus 0.03% um Nasdaq.