Näischt héieren a Blann sinn, eng Kombinatioun déi ee sech schwéier virstelle kann.
Déi 2 Sënner, déi u sech extreem hëllefe kënnen, sinn an deem Fall net do.
Zu Lëtzebuerg gëtt et ganz wéineg Persounen déi dovu betraff sinn, an dach sollte mer ons mat deem Thema beschäftegen, well d’Liewe fir dëse Persounekrees extrem an der Isolatioun ka stattfannen.
An Däitschland gräifen dës Persounen op Assistenz zeréck, léieren d’Lormen an kréien aner zousätzlech Ënnerstetzung.
Hei am Land ginn et wéineg Informatiounen, wéi dëse Leit gehollef gëtt.
An dësem Episod hu mir ons dowéinst interesséiert, wie Leit ouni Gehéier, déi och nach blann sinn, an Däitschland gehollef kréien, wéi eng Methoden et fir d'Kommunikatioun ginn, an wéi wichteg d’Assistenz ass.
De Sascha Lang am Gespréich mam Reiner Delgado vum Däitsche Blinden- und Sehbehindertenverband.