RTL - Carte Blanche

Smart Meter, 04/05/2018


Listen Later

Smart Meters – nach méi Belaaschtung duerch elektromagnéitesch Strahlung doheem?
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
Zanter méi wéi 25 Joer ass d’Associatioun AKUT heizulands bekannt wéinst hirer kritescher Informatiounsaarbecht, onbequeme Warnungen a konstruktive Rotschléi a Saachen Ëmwelt a Gesondheet, wéi och fir e präventive gesondheetleche Verbraucherschutz.
Haaptschwéierpunkten vun dëser kritescher Opklärungsaarbecht waren niewent dem Quecksëlweramalgam an aner onverdréiglechem Zahnersatzmaterial virun allem och chemesch, biologesch oder physikalesch Belaaschtungensfakteuren am Haus- a Büroberäich an op der Aarbechtsplaz, belaaschten Iesswueren an esou wieder.
Vun Ufank un hate mer och ëmmer op méiglech Gesondheetsrisike vun niddregfrequenten oder héichfrequenten elektromagnéitesche Stralen, virun allem am Haus- oder Büroberäich, higewisen.
 Esou wéi am Ausland ginn zanter ronn zwee Joer och heizulands vun der Energiewirtschaft nei elektronesch sougenannt „intelligent“ Compteuren, och bekannt ënnert dem Numm „Smart Meteren“ an ëmmer méi Wunnengen agebaut.
Opgrond vu senge Statute kann AKUT nëmmen op méiglech Gesondheetsrisiken vun neien Technologien agoen an net op aner méiglech Problemer, wéi an dësem konkrete Fall zum Beispill d’Problematik vum Dateschutz.
Am Ausland, an enger Rei vu Länner, hunn eenzel ONGen a Biergerinitiativen viru méigleche Risike vun de „Smart Meteren“ gewarnt, wärend d’Gesondheetsministèren wéi sou dacks scheinbar kee Problem gesinn. Des Kritik gëllt och fir eise Gesondheetsministère, well eng seriö Uwendung vum „Principe de précaution“, vum Virsuergeprinzip et dach eigentlech verlaangt hätt, selwer Kontrollmoossunge virzehuelen, éier et zu enger massiver Installatioun vun dësen neien elektronesche Systemer an eisen Haiser komm wier.
Luewenswäerterweis huet an de vergaangene Méint d’ULC, d’Union luxembourgeoise des consommateurs, esou Moossungen duerchféiere gelooss an elo och d’Resultat dovunner publizéiert. Folgend Konklusiounen kënnen dorausser gezu ginn:
1.    Déi hei zu Lëtzebuerg benotzten „Smart Meter“ –Technologie funktionéiert an engem 100-kilohertz Beräich, zu dem et a gesondheetlecher Hisiicht leider bal keng Studie gëtt.
2.    An enger Wunneng entsteet duerch di nei „Smart Meteren“ zousätzlech elektresch a magnéitesch Stralung, an dat zimlech gläichméisseg verdeelt. Eng Stralung, déi allerdéngs relativ minim ze si schéngt, virun allem am Verglach mat wahrscheinlech scho bestoende Strahlungsquellen wéi Handy, kabellos DECT- Haustelefonen a WIFI.
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
Well et an de leschte Joren ëmmer méi Mënsche gëtt, déi op esou en Strahlungsemfeld elektrosensibel reagéieren, proposéieren d’Expären dofir eng Partie allgemeng oder individuell Moossnamen fir sech a seng Famill virun der zousätzlecher Strahlung vun de „Smart Meteren“ ze schützen:
1.    Bei Neibau oder Renovatioun vu Gebaier: den Asaatz vu Glasfasertechnologie an / oder d’Verdrillung vun de Kabelen.
2.    De präventiven oder nodréiglechen Abau vu spezielle Schutzfilteren.
Doriwwer eraus recommandéiert AKUT e responsabelen Ëmgang mat Handy an Tablets an zum Beispill de WIFI doheem esou ze programméieren, dass en sech nuets automatesch ausschalt.
 
Et huet geschwat de Jean Huss, Präsident vun AKUT

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners