De 5. Mäerz waren am Kader vum internationalen Cross zu Dikrech déi national Meeschterschaften. De Yonas Kinde gouf hei fir déi 5. Kéier Champion de la Federation.
De Pol Mellina konnt säin Championstitel souverän verdeedegen, och wann d' Course am Ufank net esou verlaf ass wéi erwaart.
Bei den Dammen gouf d'Mimi Königs Championne de la Federation.
Nodeems d' Liz Weiler schonn déi ganz Saison d'Crossen dominéiert huet, konnt si sech hiren éischten Titel sécheren.
Grad déi schwéier Streck ass der néier Championne entgéint komm.
Zu Belgrade ware vum 3. bis de 5. Mäerz d' Indoor Europameeschterschaft an der Liichtathletik. Mat derbäi och de Bob Bertemes an d' Charline Mathias.
Am Virfeld vun dëser EM war fir d'Charline Mathias nach alles méiglech, ma si huet sech awer keen Drock gemaach.
Schlussendlech konnt sech d' Charline Mathias fir d'Halleffinale qualifizéieren.
Fir de Bob Bertemes ass et am Bommstoussen net sou gelaf wéi erwaart. Den lëtzebuerger Athlet konnt sech net fir d'Finall qualifizéieren a lant um Enn op der 16 Plaz.
Beim Throwing Cup zu Gran Canaria huet de Bob Bertemes dunn awer gewisen dat en zu Belgrade einfach nëmmen e schlechten Dag hat.
Hei gëtt den Athlet vum CAB de 6 mat 20 Meter an 18 Zentimeter a verbessert domat säin eegenen nationalen Rekord em 4 Zentimeter.
De leschten Weekend ass mam Postlaf de Startschoss fir d' Stroossesaison gefall.
Hei gouf et eng Victoire vum Äthiopier Zelalem Mengistu. Éischten Lëtzebuerger gouf den Pol Mellina. Bei den Dammen war d'Victoire fir d'Martine Mellina.