Um nationalen Championnat iwwert 10 Kilometer op der Piste konnte sech d' Pascale Schmoetten géint Konkurrenz duerchsetzen. Bei den Hären war den Titel fir den Pol Mellina.
Deen nämmlechten Dag waren dann och déi national Championnater iwwert 400 Meter Hecken; hei waren d'Titelen fir den Jacques Frisch an d'Kim Reuland.
Bei den Bezierksmeeschterschaften zu Tréier huet den Bob Bertemes den Concours am Bommstoussen gewonnen, dat mat 19 Meter an 88 Zentimeter. Domat konnt den Athlet vun Bieles säin alen nationalen Rekord em 1 Zentimeter verbesseren.
Portrait:
D'Karin Schank ass hei am Land wuel jidderengem e Begrëff. Déi national Championne am Marathon 2015 koum duerch hier Famill zum Lafen.
CUT
En Marathon vir ze bereeden brauch immens vill Zäit an Disziplin
CUT
Zäit spillt bei all Course eng Roll
CUT
Am Virfeld vun der Saison leet d'Karin Schank sech dann e geneeën Programm fest.
CUT
No der Course gënnt d'Karin Schank sech dann och mol gären eppes.
CUT
Den 28 Mee wärt si awer net um Depart vum Nuetsmarathon sinn, si bereet sech den Moment fir den Marathon zu Duisburg den 5. Juni.